
Zanter 3 Méint schonn ass de chirurgeschen Orthopäd Philippe Wilmes suspendéiert. Him gëtt reprochéiert, gesond Kräizbänner operéiert ze hunn. Konkret geet et ëm 10 Fäll, déi dräi Experte sollten evaluéieren. Antëscht läit der Gesondheetsministesch Martine Deprez dëse Rapport vir, op Basis vun deem si en Dënschdeg matgedeelt huet, dass de Philippe Wilmes fir 21 weider Méint partiell suspendéiert géing bleiwen. Heescht, den Dokter dierf Consultatioune maachen, mee weiderhin net operéieren.
“En hat keng Chance, sech vun der viragehollener Vue vun den Experte fräizekafen”, seet dem Philippe Wilmes säin Affekot François Prum. D’Aarbecht vun den Experte wier et gewiescht, dräi Punkten z’analyséieren. War d’Artikulatioun vum Knéi gesond, war eng Interventioun néideg a wat waren d’Konsequenze vun der Interventioun? “Et geet kee mat engem gesonde Knéi bei den Dokter”, setzt den Affekot de Kontext a kritiséiert, dass d’Experte bei hirer Analys exklusiv d’IRM-Biller gekuckt hätten. Dëst wier awer just eng vun den Analysen, fir ze gesinn, ob eng Interventioun gerechtfäerdegt ass. “Fir si war et den IRM a soss näischt wéi d’IRMen”, seet de François Prum. Et wier awer bei dëse Fäll net just dorëm gaangen, fir ze kucken, ob e Kräizband gesond oder krank wier, mee déi ganz Artikulatioun vum Knéi. Bei enger Arthroscopie géing een dacks besser gesinn, wat lass wier. Dës Biller wieren awer net gekuckt ginn.
Et géingen hei zwou verschidde Welten openeen treffen. Eemol déi Medezinner, déi d’Saach héichspezialiséiert géinge gesinn, an déi aner. Zu den éischten zielt hien déi, déi dem Dr. Wilmes d’Partie halen. Den Affekot an den Dokter hunn ënner anerem Spezialisten aus den USA, Frankräich a Lëtzebuerg fir hir Aschätzung consultéiert. Si all géingen de Rapport vun den dräi franséischen Experte kritiséieren.
De Rapport d’expertise gouf dann de 17. Abrëll fäerdeg. De 16. Abrëll konnt de Philippe Wilmes sech tëscht 19 an 21 Auer per Videokonferenz virun den Experten erklären. Dobäi wier een awer just bis bei de 4. Fall komm, wou eng Patientin awer extrem zefridde mam Resultat vun der Interventioun gewiescht wier. No dësem hätt ee gesot kritt, et géing ee sech am Krees dréinen an d’Consultatioun wier ofgebrach ginn. “Si haten déi Expertise geschriwwen. Déi war einfach prett an se hu sech just nach wollte mam Dr. Wilmes pour la forme driwwer ënnerhalen. Mä si hate sech hir Meenung gemaach”, sou de Reproche vum Affekot.
Doriwwer eraus wieren och Temoignagë vun Assistenten, déi bei Interventiounen dobäi waren, souwéi och d’Rapports opératoires mat Biller vun den Arthroscopien, net vun den Experte consideréiert ginn. De kuerze Rapport wier net detailléiert, seet de François Prum. Déi 10 Fäll wieren net eenzel traitéiert ginn, mä et wier Copy-Paste vun engem Fall zum nächsten.
Wéi et elo weidergeet, dozou seet de François Prum, et misst een elo kucke wei een et upéckt. De Rapport kéint een als solchen net akzeptéieren. E Verbuet vun zwee Joer fir z’operéiere wier eng hefteg Decisioun. Et géing ee probéieren, mat engem anere Rapport d’Expertise eranzekommen, fir ze weisen, dass déi dräi Experten d’Situatioun falsch interpretéiert hätten. De Philippe Wilmes wier der Meenung, dass de Rapport falsch wier, an d’Interventiounen an alle Fäll néideg waren. Et wieren och Fäll drënner, wou Patiente ganz zefridde waren, an dono bei den Dokter zréckgaange wieren. Et wéilt ee méiglecherweis d’Decisioun vun der Ministesch, déi op der Basis vum Rapport geholl gouf, ufechten. Esou hofft een, dass en neie Rapport gemaach gëtt, an eng aner Decisioun vun der Ministesch selwer oder vum Tribunal administratif geholl gëtt.
Aktuell leeft awer och nach eng Instruktioun vum Collège médical fir eng Disziplinarprozedur géint den Dokter Philippe Wilmes. 30 Fäll, déi un de Gremium erugedroe goufen, ginn hei analyséiert. D’Gesondheetsministesch huet déi partiell Suspensioun elo op am Ganzen zwee Joer festgeluecht, dass dës Disziplinar-Instruktioun kéint gemaach ginn. An dësem Fall hofft den Affekot elo, dass méi am Detail investigéiert gëtt, a sengem Mandant seng Onschold kéint bewise ginn.