
En orthopedesche Chirurg bleift fir weider 21 Méint suspendéiert. Dat gëtt um Dënschdeg de Moien an engem Schreiwes aus dem Santés-Ministère confirméiert, ouni dass awer den Numm vum Dokter genannt gëtt. Et dierft sech heibäi awer ëm den Dr. Philippe Wilmes handelen. Et ass weiderhin eng provisoresch Suspensioun, déi reng fir chirurgesch Agrëffer gëllt.
Hannergrond ass e Rapport vun 3 Experten, déi an hirer Analys vun 10 konkrete Fäll zu der unanimmer Conclusioun koumen, dass den Dr. Wilmes net justifiéiert Agrëffer virgeholl hätt.
D’Decisioun fir also d’Operatiounsverbuet géint de viséierten Dokter ze verlängeren, wier eng Mesure fir d’Protektioun vun der santé publique ze garantéieren, wärend deem d’Instruktiounsprozedur vum Collège médical weiderleeft, heescht et am Schreiwes.