
Bis den 22. Abrëll also nach ronn zwee Méint gëllt déi provisoresch Decisioun vum Santésministère. Déi zoustänneg Ministesch Martine Deprez war e Mëttwoch de Moien an der Santéskommissioun an der Chamber fir z’erklären, wou d’Prozeduren dru sinn. Aktuell geet et virop ëm d’Fro, wien d’Expertis soll maachen.
Dem provisoresch suspendéierte Chirurg Dr. Wilmes seng Säit wielt en Expert. De Gesondheetsministère och. An am Idealfall gëtt zesummen en drëtte gewielt, mat deem béid Partien averstane sinn. “Wann déi zwee sech net eens ginn en drëtten ze nennen, hu mir iwwer d’Gesetz d’Méiglechkeet, dass d’Geriicht dann en drëtten nennt”, esou d’Gesondheetsministesch Martine Deprez no der Kommissiounssëtzung der Press géintiwwer. Wärend der Reunioun, déi iwwregens live iwwerdroe gi war, gouf natierlech iwwer d’Kirttäre geschwat, déi d’Experten erfëlle mussen. D’Djuna Bernard vun déi gréng war e bëssen erstaunt, dass d’Persoun, déi de Ministère ausgewielt huet, als Expert net assermentéiert ass.
“Ech mengen et wär awer fërderlech, eng gewëss Erfarung beim Opstelle vun esou engem Dossier ze hunn. Dat schéngt der Ministesch als Krittär awer net esou wichteg gewiescht ze sinn. D’Onofhängegkeet vun den Experten ass awer essenziell. An et schéngt awer e bësse Meenungsverschiddenheeten ze ginn, ob d’Expertin, déi vum Ministère genannt gëtt, dat wierklech erfëllt.”

Vun de Korypheeën aus der orthopedescher Chirurgie hätt een ausgewielt, betount d’Ministesch Deprez, déi wärend der Seance och vun “Expertin” geschwat hat an duerno op Nofro hin net méi confirméiere wollt, dass et eng Fra ass.
“Mir hunn eis un déi Associatioun gehalen déi et gëtt, d’ESSKA. Do sinn déi bescht vun deene beschten Orthopäden associéiert. Den Direkter vun der Santé huet gekuckt, wien disponibel wär. Mir haten der dräi, véier am Aen. Een huet elo zougesot. Déi Persoun ass dem concernéierten Dokter matgedeelt gi per Courrier mat der Missioun vun der Expertis dobäi. Mir waarden elo op seng Reaktioun.”
D’Gesondheetsministesch huet och confirméiert, dass déi dräi Experte vollen Abléck an ongeféier 10 – hires Wëssens no - “richteg Patientendossiere” kréien, déi de Collège médical ebe virgeluecht hat an op Basis vun deenen de Ministère déi provisoresch Suspendéierung ausgeschwat gehat hätt. D’Experte kéinte souguer déi concernéiert Patiente kontaktéieren, wann déi fir Gespréicher bereet sinn, esou d’Martine Deprez. Hirer Meenung no ass d’Expertis déi eenzeg Manéier fir Liicht an d’Donkel ze bréngen an dëser Affär. Si géif hoffen, dass um Enn erauskéim, dass “näischt war”. De fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo vun der LSAP huet elo schonn den Appell gemaach, de fäerdege Rapport vun der Expertis misst ëffentlech gemaach ginn.
“Fir mech ass dat eng Selbstverständlechkeet. Ech hu selwer eng Kéier missen esou en Dossier geréieren. Et wënnt ee ganz vill un Transparenz. Hei muss voll Transparenz gëllen ‘à charge et à décharge’. Da mussen d’Experten och zu deem stoen, wat se festgestallt hunn.”
Mä nach ass den Trio net komplett. An d’Zäit leeft wéi gesot. Soll d’Expertis virum Delai vum 22. Abrëll – wann déi provisoresch Suspendéierung géint den Dokter ausleeft – fäerdeg sinn, muss een an d’Gäng kommen.
An da leeft an dëser Affär parallel jo nach e Recours um Verwaltungsgeriicht. Op deen Dossier wollt d’Ministesch Deprez net agoen.