Affär Wilmes"Et ass eng Expertise, déi een net kann akzeptéieren an déi nach eng Kéier muss gemaach ginn”

Dany Rasqué
Dat seet den Dokter Robert Huberty iwwert d’Expertise vun deenen 3 Medezinner, déi zur Conclusioun komm sinn, datt den Orthoped Philippe Wilmes Patiente soll mutiléiert hunn.
© RTL Lëtzebuerg

Den Dokter Wilmes hat e Freideg de Mëtteg op eng Pressekonferenz geruff, op där ënnert anerem Doktere mat dobäi waren. Dokteren, déi mam Philippe Wilmes zesummegeschafft hunn an déi net konnte feststellen, datt hie Feeler soll gemaach hunn. Si hätten ni un den OP-Indikatiounen vun hirem Kolleeg gezweiwelt.

D’Dokteren, déi de Philippe Wilmes invitéiert hat, hunn unanime confirméiert, datt d’Biller aus dem IRM zwar wichteg si fir eng Deelruptur vun engem Kräizband ze diagnostizéieren, mä datt et net de Goldstandard ass.

De Philippe Wilmes war Assistenzdokter beim Robert Huberty. An Tëschenzäit mécht de Mann, dee 45 Joer laang Orthoped war, Geriichtsexpertisen an hie kann net novollzéien, wéi déi dräi Experten hei geschafft hunn:

"Dat kann ech net verstoen, well dat Wichtegst wier jo awer gewiescht, dass se sech mol mat den Aussoe vum Patient beschäftegt hätten, dass se sech mam klinesche Befund beschäftegt hätten. A wat ech einfach och onverständlech fannen, datt dem Dokter Wilmes säi Film net gekuckt ginn ass. Hie seet, ech hunn hei e Film vun engem Patient, an dee kucke si net."

Dokter Robert Huberty iwwer Dokter Philippe Wilmes

Op der Pressekonferenz vum Dokter Wilmes war och eng jonk Fra. Hiren Dossier gehéiert zu deenen 10, déi analyséiert goufen. Si gouf am Dezember vum Dokter Wilmes operéiert an ass frou, wéi hiren Zoustand sech an deene leschte véier Méint entwéckelt huet.

Si huet hiren Dossier net fräiwëlleg eragereecht, wéi si seet. Si betount och, datt si et net richteg fënnt, datt hire medezineschen Dossier géint den Dokter Wilmes benotzt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO