Gewerkschaftsfront mat Aktioun op der A3"+300 Euro beim Mindestloun" gi gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
Op der A3 a Richtung Stad, hunn um Mëttwoch de Moien OGBL an LCGB eng Aktioun lancéiert.
© Domingos Oliveira

Eng 30 Leit vum OGBL an LCGB stoungen e Mëttwoch de Moien op der Bréck iwwert der Diddelenger Autobunn op der Héicht vu Bierchem, dat mat enger Banderole mam Message “+ 300 Euro Salaire Minimum”.

© Domingos Oliveira

D’Gewerkschaft hat Aktiounen ugekënnegt, nodeems d’Regierung Enn Mäerz decidéiert hat, datt de Mindestloun net iwwert den Index an den Ajustement un d’Lounentwécklung eraus an d’Luucht gesat gëtt.

Duerch eng Indextranche an den Ajustement ass den onqualifizéierte Mindestloun den 1. Januar 170 Euro méi héich, sou d’Regierung.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO