Hien hätt de Face-à-Face tëscht dem Nora Back an dem Marc Spautz en Dënschdegmoien net live héieren, mä en an der Mëttesstonn nogelauschtert, esou de President vun der Union des Entreprises. Et géif een d’Argumentatioune vu béide Säite kennen, vun dohier wier dat näischt Neies gewiescht, ma et wier awer interessant gewiescht, d’Gespréich nozelauschteren.
D’Union des entreprises ass jo eng Unioun vun de Verbänn an de Chamberen aus der Wirtschaft. Deementspriechend géif een d’Lëtzebuerger Ekonomie vun uewe kucken. D’Situatioun wier jiddwerfalls keng roseg, sou de Michel Reckinger:
“Zanter 2022 hu mer kee Wuesstem méi. Wa mer soen, kee Wuesstem méi, dann heescht dat keng Rentabilitéit méi, et gi keng Sue méi verdéngt. Wa keng Sue méi verdéngt ginn, da gi keng Suen investéiert. Gi keng Suen investéiert, gi keng Aarbechtsplaze geschaaft. An dat gesi mer jo haut um Resultat. D’Chômagezuele klammen, 50 % méi wéi 2022. 2022 hu mer 11.000 Aarbechtsplazen nach kreéiert. Lescht Joer waren dat nach 4.500. Dovun nach 4.000 bei der Fonction publique bei de Gemengen a bei aneren nationalen Instituter.”
Dës Zuele misst een am Hannerkapp behalen, wann een iwwert déi aktuell Sujete géing diskutéieren.
Op d’Fro, ob dës Diskussiounen net sollten am Kader vun enger Tripartite stattfannen, äntwert den UEL-President, dass een de Premier scho virun zwou Woche gefrot hätt, fir eng Tripartite ze maachen. Dat en Vue vum Krich am Iran, dee ganz seriö Konsequenze fir d’Ekonomie hätt, déi - wirtschaftlech gesinn - esouguer méi uerg wieren, ewéi déi vum Ukrainkrich. D’Uelegpräisser sinn amgaangen ze klammen. Dat géif sech op d’Energiepräisser an no an no op déi ganz Wirtschaft auswierken an hätt schliisslech och en Impakt op d’Präisser vun de Liewensmëttel: “Wann d’Energiepräisser klammen, da klëmmt als éischten den Dünger. Duerno kënnt de Stol, duerno kënnt de Plastik, déi hänken direkt um Ueleg drun. Wann de Stol an de Plastik klammen, klammen zum Beispill bei eis an de Betriber d’Réier, d’Isoléierunge gi méi deier. An am leschten an der Chaîne sinn dann d’Liewensmëttel, déi méi deier ginn.”
Dëse Prozess géing zwee Joer daueren an e wier scho virun dräi Joer katastrophal gewiescht. Et bräicht deemno elo eng Tripartite, fir dass ee kéint iwwer Mesurë schwätzen, “éier d’Kand am Pëtz läit”.
Mat der Fro konfrontéiert, ob d’Fuerderung vun 0 % Ajustement beim Mindestloun net eng extreem gewiescht wier, verweist de Michel Reckinger drop, dass een de Leit, déi an enger ekonomesch schwéierer Situatioun wieren, misst mat geziilte staatleche Mesuren hëllefen. D’Erhéijung vum Mindestloun, wier dogéint eng Mesure, déi nom Géisskane-Prinzip géing funktionéieren an déi zu enger Erhéijung vun de Präisser géing féieren:
“Well wat ass de soziale Mindestloun erhéijen? Dat bréngt Drock an d’Betriber, alleguerten déi, déi haut, déi Betriber, wou e soziale Mindestloun muss bezuelt ginn, déi mussen déi Erhéijung quasi eent zu eent weiderginn un d’Clienten. D’Pizza, déi, de Präis vun der Pizza, déi besteet zum gréissten Deel aus dem Salaire. De Coiffeur, dat ass bal nëmme Salaire. Dat heescht, wa mer déi Präisser erhéijen, da musse mer automatesch d’Präisser, also déi Salairen erhéijen, musse mer automatesch d’Präisser erhéijen.”
D’Decisioun, déi elo geholl gi wier, wier net déi, déi d’UEL wollt. Et wier awer gutt, dass de Staat de Betriber 1,3 vun den am Ganzen 3,8 % Ajustement wäert kompenséieren. Den Detail, wéi dat géif gemaach ginn, misst een elo mat der Regierung kucken. Et wier sécherlech eng gutt Initiativ, ma dat anert wier méi einfach e méi “zilféierend” gewiescht. E geneeë Rendez-vous fir dës Gespréicher hätt een nach net.
Ob een den Index misst wéinst der aktueller Situatioun aussetzen, wollte mir och vum UEL-President wëssen. Dozou huet de Michel Reckinger gemengt, dass een als UEL kloer dofir wier, dass den Indexsystem iwwerschafft a gedeckelt gëtt. Do misst ee kucken, ob dat bei enger Pai, déi zwee oder dräi Mol dem Mindestloun entsprécht soll gemaach ginn. Hie wier sech bewosst, dass dës Mesure alleguerten d’Salariée kéint betreffen, mä an enger aussergewéinlecher Situatioun misst een aussergewéinlech Moossnamen huelen.
No der Annonce vun de Ministeren Delles a Spautz hat d’Unioun vun den Entreprise sech an enger éischter Reaktioun enttäuscht gewisen. Et wier net op si gelauschtert ginn. Ma wat wieren d’Léisunge gewiescht, iwwert déi een hätt wëlle schwätzen? Op dës Fro heescht et vum Michel Reckinger, dass ee sech, wéi et an der EU-Direktiv géing stoen, als éischt hätt sollen an enger Kommissioun Krittäre ginn, fir ze definéieren, wat eigentlech en adequate Mindestloun zu Lëtzebuerg wier. Nieft dem Krittär vun de 60 % vum Median géifen der nämlech och anerer a Fro kommen, ënner anerem d’Gratuitéit vu verschiddene Servicer, déi een hei am Land hätt.
Géif ee sech iwwerdeems den Horeca, d’Handwierk an de Commerce ukucken, da wier den aktuelle Mindestloun schonn 200 Euro méi héich ewéi 60 % vum Median dat géifen hierginn. Et géif een also scho méi bezuelen, wéi dës Secteure kéinten erwirtschaften. Dat wier esou, well een zu Lëtzebuerg déi spezifesch Situatioun hätt, dass d’Fonction publique an d’Banken de Gesamt-Median staark no uewen drécken, wat dann déi kleng Betriber géing zwéngen, ëmmer nees hire Mindestloun ze erhéijen.
Vu Patronatssäit aus wéilt een de Sozialdialog weiderdreiwen, sou de Michel Reckinger nach um Enn. Hie géing net verstoen, firwat d’Gewerkschaften aktuell net um Dësch sëtzen, géif awer dem Aarbechtsminister Spautz seng Impressioun deelen: “Ech hunn déi änlech Impressioun, wéi de Minister de Moie gesot huet, dass se vläicht guer net wëllen dohinner schwätze kommen, dass et hinne gutt an de Krom passt, fir net mussen ze diskutéieren. Well, wa se net matdiskutéieren, wësse se net, wat eis Argumenter sinn. An da kënne se pauschal iergend eppes no baussen droen.”