De Mindestloun gëtt ëm 3,8% no uewen ugepasst. Derbäi kënnt eng Indextranche, also eng Hausse vun 2,5 %, nach virum Summer. Dat hunn den Aarbechtsminister Marc Spautz an de Wirtschaftsminister Lex Delles an enger Pressekonferenz annoncéiert, déi ganz spontan aberuff gi war. Domat reagéiert d‘Regierung op déi aktuell Präisdeierecht virop bei der Energie.
Der Regierung no, géif dës Loun-Upassung bedeiten, datt Mindestloun-Empfänger am Januar 2027 ronn 170 Euro méi an der Pai wäerten hunn.
Fir d‘Belaaschtung fir d‘Betriber ofzefiederen, wäert de Staat 1,3% vun den annoncéierten 3,8% Upassung kompenséieren. Wéi genau dat wäert gemaach ginn, soll elo mat de Patronatsvertrieder ausgeschafft ginn.
Wat dat de Staat konkret wäert kaschten, konnten déi zwee Ministeren um Freideg de Mëtteg net konkret chiffréieren. Rieds goung vun 30 bis 50 Milliounen Euro d‘Joer.
De Lex Delles ass um Freideg den Owend Invité am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.
De Marc Spautz ass e Samschdeg Invité am Background am Gespréich um Radio.