
De Veräin aus der Éierepromotioun huet an den éischte Minutten näischt ubrenne gelooss a louch schonn no enger gudder Véierelsstonn mat 2:0 a Féierung. An der 4. Minutt getraff hat de Léon Schmit, 13 Minutte méi spéit huet de Souleymane Touré erhéicht. Mat deem Resultat ass et no 45 Minutten dunn och an de Vestiaire gaangen. No engem Maacher Uschlosstreffer vum Gonçalo Almeida an der 53. Minutt gouf et nach emol spannend, ma et sollt net duergoen. Den FC Koeppchen wënnt mat 2:1 a bleift domat an der Éierepromotioun.
Déi bescht Impressioune vum Match an eiser Fotosgalerie kritt Dir méi spéit ze gesinn.
FC Koeppchen - CS Gréiwemaacher 2:1 (2:0)
1:0 Léon Schmit (4'), 2:0 Souleymane Touré (17'), 2:1 Gonçalo Almeida (53')