Wat op dësem Dossier geschitt ass, wier wierklech den Hummer. “Mir si verrode ginn”, sot den Dënschdeg de Moien d’OGBL-Presidentin Nora Back an eisem Face-à-face mam CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz. Méi wéi 50 Minutte Reunioun mat der Regierung iwwert de Mindestloun hätt een net gehat an och nëmmen no Drock an Informatiounen, déi een anerwäerts kritt et. Et wär ee viru Fait-accomplië gesat ginn.
De Marc Spautz huet bedauert, datt hien et net fäerdegbruecht hätt, bis Ouschteren d’Gewerkschaften an d’Patronen nees zesummen un een Dësch ze kréien. “Mir ware sou no drun”, huet och d’Gewerkschaftspresidentin bedauert. E klengt Resultat an engem Dossier wär duergaangen, mä elo wär dat mam Mindestloun komm.
D’Nora Back schwätzt vu Chaos an der Regierung an an der Kommunikatioun ronderëm de Sujet Mindestloun. Eng Indextranche als Lounerhéijung ze verkafen, wier “d’Leit fir domm verkaf”. Et wär, wat de Sozialdialog ugeet, nach ni esou schlëmm gewiescht wéi haut. Ënnert dem Marc Spautz wier et nach méi schlëmm, wéi ënnert sengem Virgänger Georges Mischo, huet d’OGBL-Cheffin onmëssverständlech ze verstoe ginn.
Den Aarbechtsminister huet erkläert, firwat een d’Mindestloun-Decisioun esou getraff huet. Déi 3,8 Prozent Ajustement wären net näischt. Hien hätt eng Responsabilitéit géintiwwer de schaffende Leit an dozou géif och gehéieren, d’Plazen ofzesécheren. Patrone wollten 0 Prozent, d’Gewerkschaften 11 Prozent, als vereedegte Minister hätt hie missen eng Decisioun huelen. Et dierft een och net vergiessen, datt de Mindestloun steierfräi gemaach gouf. An et finanziell Hëllefe gëtt, déi verbessert goufen.
Fir d’Gewerkschaftsunioun kann absolut net vun engem Kompromëss rieds goen. Et wier iergend e Wee iwwer komplizéiert Rechemodeller gesicht ginn, fir op déi ominéis 60 Prozent vum Medianloun ze kommen, fënnt d’Nora Back.
Datt d’Regierung näischt géif maachen, wëll sech de Marc Spautz net soe loossen, a verweist och op 65 zousätzlech Milliounen Euro u sozialen Hëllefen, déi och vereinfacht goufen. Ouni Hëllefe géif de Modell Lëtzebuerg also net méi funktionéieren, sou d’Fro un eis Invitéen? Jo, d’Politik hätt versot, huet d’Nora Back geäntwert. Zanter Joerzéngten hätt d’Politik d’Logementskris net am Grëff a si hätt sech nach emol verschäerft.
Wéi et elo weider geet, ob d’Gewerkschaften awer bereet sinn, weider ze diskutéieren, do gouf een en Dënschdeg de Moien net vill gewuer. U sech sinn nach Gespréicher geplangt, sot den Aarbechtsminister. Et géif elo dervun ofhänken, wéi et elo weider geet op anere grousse wichtegen Dossieren, sot d’Nora Back. D’Gewerkschafte preparéieren elo mol gewerkschaftlech Aktiounen, wou awer nach keng Detailer verrode goufen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.