Verkéierskontrollen zu Mutfert an zu Housen46 Chaufferen hate wärend dem Fueren den Handy benotzt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Mëttwoch an en Donneschdeg Verkéierskontrolle gemaach an dobäi eng Rei Verwarnungen ausgestallt.
Handy um Steier (Symbolbild)
© RTL-Grafik

E Mëttwoch huet d’Police tëscht 16.30 an 18 Auer zu Mutfert an der Route de Remich de Verkéier kontrolléiert. De Fokus vun der Kontroll louch um Benotze vum Smartphone um Steier. 20 Chauffere goufen erwëscht, ewéi si hiren Handy wärend dem Fuere benotzt hunn. Si kruten e Protokoll vun 250 Euro a véier Punkten um Fürerschäin ofgeholl.

Iwwerdeems goufen zwee Chaufferen erwëscht, déi ouni gülteg Versécherung ënnerwee waren an een, dee kee valabele Fürerschäi bei sech hat. An engem Gefier hat ee vun de Matfuerer kee Sécherheetsgurt un.

Da goufen nach bei véier Gefierer Defekter un de Luuchte festgestallt an an zwee Fäll konnt de Fuerer keng valabel Steiervignette virweisen. Bei engem Gefier war dann de Contrôle technique ofgelaf.

Eng aner grouss Verkéierskontroll huet d’Police dann en Donneschdegmoien tëscht 7 an 8.50 Auer op der N7 zu Housen gemaach. 17 Poliziste waren hei am Asaz.

26 Chaufferen haten den Handy iwwert dem Fuere benotzt a 17 sinn duerch e Stopp gefuer. A fënnef Fäll war d’Luedung net richteg geséchert an ee weidere Chauffer huet missen 250 Euro bezuelen, well hie sech net un d’Virschrëfte fir d’Sécherheet vun der Luedung am Transitverkéier gehalen hat.

Dräi Fuerer hate kee respektiv de Gurt net richteg un a bei dräi Gefierer goufen Defekter un de Luuchte constatéiert. Dräi weider Chauffere goufe verwarnt, well et bei hirem Gefier Mängel bei der Sécherheetsausrëschtung gouf.

Schliisslech war dann ee Chauffer mat enger Remorque ënnerwee, déi net konform war, an en anere wollt sech net un d’Uweisunge vun de Beamten op der Plaz halen.

Back to Top
CIM LOGO