Artbox vum 12. Juni am ReplayTina Gillen

RTL Lëtzebuerg
E Portrait vun der Molerin Tina Gillen, Street Art mam Mariana Duarte Santos, d'Kollektivexpo FuelBox an 90 Sekonne mat P.O.Box
Tina Gillen
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

Tina Gillen vertrëtt Lëtzebuerg dëst Joer op der 59. Biennale zu Venedeg. Mir hunn si zu Venedeg duerch hir Expo begleet an hunn d’Molerin an der Belsch, net wäit vu Bréissel, an hirem Atelier besicht.

Mir hunn di portugisesch Kënschtlerin Mariana Duarte Santos iwwert e puer Etappe bei der Realisatioun vun hirer Fresque zu Esch/Lalleng begleet.

D’ «FuelBox» regroupéiert zu Stadbriedemes iwwer 90 Kënschtler an enger Kollektivausstellung.

An P.O. Box spillt an de 90 Sekonnen am Kader vum Mad Ones Fest an der Kulturfabrik.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO