Nei Ausstellung an der Nationalbiblithéik"La paix (in)achevée. Perspectives luxembourgeoises sur la paix"

Marlène Clement
D'Expo ass nach bis Enn Oktober d'nächst Joer. Complementaire dozou ass och eng Publikatioun ënnert dem selwechten Numm erauskomm.
© Marlène Clement

An enger Zäit vu Polykrisen a Kricher wënscht ee sech eigentlech just eppes: Fridden.

Ma wat bedeit Fridden iwwerhaapt? Wéi ee Präis dierf Fridden hunn? A wéi ass Lëtzebuerg am Laf vun der Geschicht mat deem Thema ëmgaangen

Mat deene Froe beschäftegt sech aktuell eng Expo an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg.

"La paix (in)achevée. Perspectives luxembourgeoises sur la paix" nennt sech d'Ausstellung, déi vum Historiker Mohamed Hamdi curatéiert gouf. 2021 ass d'Iddi opkomm. An deene fënnef Joer ass eng Onmass un Dokumenter, Fotoen, Temoignagen an Objeten zesummekomm, déi et erméiglechen d'Friddensvirstellungen- an Discoursen aus der Vergaangenheet ze rekonstruéieren, wéi den Direkter vun der Nationalbibliothéik Claude Conter erkläert.

"Eng Perspektiv ass eng Bottom-up, wéi d'Zivilgesellschaft sech agesat huet fir de Fridden an op der anerer Säit hu mer de Gouvernement, mir hunn d'Diplomaten, déi sech op engem internationalen Niveau asetze fir de Fridden. Dat sinn déi zwou Perspektiven déi mer hei wëllen opweisen an 12 Kapitelen iwwer bal 200 Joer."

Eng ganz Partie Dokumenter wiere fir eng aller éischte Kéier ze gesinn. Si kéimen aus den Archive vun den Associatiounen a wiere bis elo nach ni ëffentlech gewise ginn.

"Et goufen awer och Publikatiounen, ewéi zum Beispill Affichen, oder Trakten, oder manner bekannten Zäitschrëften, déi an der Zäit entstane sinn, zum Beispill vum Solidaritéitscomité mam Nicaragua, déi eng eege Publikatiounsrei haten, déi mir bis elo an der Nationalbibliothéik iwwerhaapt net kannt hunn."

D'Visiteure gi mat op eng Rees an d'Vergaangenheet geholl, awer ouni Bewäertung, betount de BNL-Direkter. Et wéilt een de Visiteuren d'Bandbreet gi vun de Meenungen an Iwwerzeegungen.

"Mir wëllen an dëser Ausstellung keen educéieren, mee mir wëllen de Leit d'Outile mat op de Wee ginn, fir dass se sech kënnen eng Meenung bilden."

A vläicht och manner aus der Emotioun eraus ze diskutéieren, mee méi Fakten-baséiert. De Claude Conter observéiert eng Tendenz an der Gesellschaft fir ganz staark kontroverséiert a provokativ iwwer eenzel Sujeten ze diskutéieren. Zum Beispill iwwer de Krich an der Ukrain an am Noen Osten.

"A wann ee gesäit, datt esou Konflikter net nëmme punktuell diskutéiert ginn, mee et eng Geschicht dozou gëtt. Dann ass dat eppes wat vläicht och kann hëllefe manner emotional ze reagéieren, mee och am Sënn vun enger geschichtlecher Ausernanersetzung an dat wëlle mer an dëser Ausstellung hei sécherlech och zum Ausdrock bréngen."

D'Ausstellung ass op Franséisch an Englesch an den Entrée ass fräi. Biller vun der Expo gesäit een och en Dënschdeg am Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO