
Mat engem 12. Album nom Morris gëtt dësen Anniversaire elo gefeiert, an do gëtt de reliéise Fanatismus op d'Schëpp geholl. An obwuel d'Geschicht an den USA zur Zäit vum Wëlle Weste spillt, si vill Situatiounen fir den Zeenarist Jul nach ëmmer aktuell. Fake News, reliéise Fanatismus mat alle méigleche Kierchen bei deenen et u sech méi drëm geet Suen an déi eegen Täsch ze kréien ewéi d'Mënschen an hirem Glawen ze begleeden.
Dësen Album fänkt eigentlech ganz harmlos un. De Lucky Luke reit mam Jolly Jumper a Richtung Sonn déi ënnergeet. A séngt säi bekannt Lidd vum Lonesome Cowboy. Normalerweis hält all Album esou op, mä dëse fänkt schonn esou un. Dat ass ënnert anerem néideg fir ee Gag mat engem Mann anzebauen, deen iwwerzeegt ass, datt d'Äerd platt ass.
An engem klengen Duerf begéint hien dann engem Paschtouer, dee ganz séier d'Potential vum Lucky Luke erkennt, an eng Relioun ronderëm de Cowboy opbaut. Déi Relioun baséiert um Glawe vum Lukismus. Wat um Enn eng fräi erfonnten Iddi ass, fir déi Gleeweg dozou ze bréngen, nach méi ze spenden. Dobäi sinn esouwuel de Banquier aus dem Duerf an de professionelle Pokerspiller guer net gutt op de Paschtouer ze schwätzen.
Et ass guer net esou wäit hiergeholl fir aus dem Lucky Luke ee reliéise Personnage ze maachen. Hie vollbréngt Wonner, andeems hie méi séier schéisst ewéi säi Schied. Hie schwätzt wéi den hellege Franziskus mat Déieren, interesséiert sech net fir Suen a lieft net am Luxus. An hie lieft an der Wüst, eleng.
Mä mat deem ganze Kult ronderëm seng Persoun gëtt de Lucky Luke eppes, wat hien eigentlech guer net wëll sinn: Ee Popstar. Besonnesch witzeg an d'Zeen gesat, wann d'Awunner aus der Stad viru sengem Hotel drop laueren, fir hien eng Kéier kuerz ze gesinn. Dat erënnert dach un d'Situatioun vum Céline Dion zu Paräis.
D'Auteure bleiwen an der Manéier wéi si d'Geschicht erzielen neutral, maachen de Geck mat all Form vu Fanatismus a Glawen dee mat den Hoer erbäigezunn ass. Dobäi respektéiere si awer och dee richtege Glawen, an déi reliéis Gemeinschaften, esoulaang se net op kommerziell Zwecker opbauen. A weisen de Lucky Luke vu senger typesch heldenhafter Säit. Well de Lucky Luke mécht sech keen Uertdeel iwwert seng Matmënschen...
Den Achdé huet et fäerdeg bruecht, säin Zeechestil deem vum Morris unzepassen, dobäi awer och Elementer aus sengem méi perséinleche Stil mat afléissen ze loossen. Ouni dobäi awer déi graphesch Welt vum Lucky Luke komplett op d'Kopp ze geheien. Vum Morris senger Fra huet hien deemools gesot kritt: "Et soll däi Lucky Luke sinn, awer der Traditioun vun der Serie gerecht ginn". Well datt de Lucky Luke och iwwert den Dout vu sengem Createur eraus weider existéiere sollt, war ëmmer kloer. Et war esouguer een ausdréckleche Wonsch vum Morris.
"Heiliger Lucky", déi däitsch Versioun vum Album ass schonn den 3. November 2026 erauskomm, déi franséisch Versioun "Saint Lucky Luke" de 6. November 2026.
De 4. Dezember 2026 kënnt nach eng kommentéiert Versioun vum Album "Le cavalier blanc" eraus. De Blutch, selwer BDs Auteur a grousse Kenner vun der néngter Konscht proposéiert an deem Album mat vill Léift fir d'Detailer seng perséinlech Vue op déi Aventure.
An da ginn et nach eng sëllechen Ausstellungen déi deen 80. Anniversaire vum Lucky Luke begleeden:
Lucky Luke court toujours!
bis de 17. Januar 2027 zu Paräis
101, quai Branly; 75015 Paris
Lucky Luke court toujours... à Bruxelles!
vum 11. Dezember 2026 bis den 12. September 2027
am Musée de la Bande Dessinée
20, rue des Sables; 1000 Bruxelles
Morris' einsamer Westernheld
bis den 28. Mäerz 2027
am Museum für Kommunikation Berlin
Leipziger Straße 16; 10117 Berlin (Mitte)
De Radio Reportage mat Aussoe vum Zeenarist Jul an Zeechner Achdé iwwert deen neien Album