
De Museker war Bassist bei der Band, éier en Bon Jovi 1994 verlooss huet. Iwwer d’Doudesursaach ass nach näischt gewosst.
De Such war haaptsächlech dofir responsabel, dass d’Band sech iwwerhaapt gegrënnt huet. Duerch hien hätte Bon Jovi eréischt beieneen fonnt, heescht et vun de Band-Memberen. Et wier hinnen eng Éier gewiescht mat him zesummen ze schaffen, seet de Keyboarder David Bryan, deen 1983 mam Sänger Jon Bon Jovi, dem Batteur Tico Torres an de Gittaristen Dave Sabo, Richie Sambora an eben dem Such d’Band gegrënnt hat.
De Such war à la base Manager vun der Band “Jon Bon Jovi & The Wild Ones”. Méi spéit ass en du selwer Museker an der Band ginn, well e vum Frontmann senger Visioun sou beandrockt war.
An den 80er Joren si se weltbekannt ginn duerch Lidder wéi “Runaway”, “Livin’ on a Prayer”, “You Give Love a Bad Name” a “Wanted Dead or Alive”. Un der Kreatioun vu fënnef Albume war de Such bedeelegt. Iwwer 100 Millioune CDen a Placke goufen zanterhier verkaf.
Wéi de Such 1994 d’Band verlooss, sot hien awer selwer, dass en d’Zäit genoss hätt. “D’Jonge waren déi Bescht. Ech hu se immens gär a wäert dat fir ëmmer maachen!”
