ILRES80% vun de Visiteure vun Esch2022 zefridden
80% vun de Visiteure vun der Kulturhaaptstad, déi Esch jo mat enger Rei anere Südgemengen organiséiert, wieren zefridden oder ganz zefridden.
Verëffentlecht: 26.07.22 12:21, Update: 26.07.22 16:46
Dat geet aus dem éischten Deel vun enger Ëmfro vun den Organisateure vun Esch2022. Just 6% wieren enttäuscht. 700 Leit wiere vun ILRES befrot ginn an d’Ëmfro soll nach bis d'Enn vum Joer virugoen.
PDF: Pressecommuniqué Esch2022 - Etude de satisfaction