
D’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin an d’Slowakin Petra Vlhova, dat sinn déi zwou Gewënnerinne vum Riseslalom-Weltcup zu Maribor a Slowenien. Si hu sech e Freideg d’Victoire gedeelt. Déi drëtte Plaz um Podium war fir d’Norwegerin Ragnhild Mowinckel.
D’Mikaela Shiffrin loung nom éischten Duerchgang a Féierung, d’Petra Vlhova war déi Zweet.