An der Finall iwwer 100 Meter Réck huet sech de Max Mannes op der drëtter Plaz klasséiert. Hien huet no 57 Sekonnen an 21 Honnertstel ugeschloen. Den 21 Joer alen Athlet verbessert domadder seng perséinlech Beschtzäit ëm knapp 0,5 Sekonnen.
De Raphael Stacchiotti huet als Véierte 57,44 Sekonne gebraucht. Gewonne gouf d’Course vum Rumän Robert-Adrei Glinta an enger Zäit vun 53,83 Sekonnen. Zweete gëtt de Russ Kliment Kolesnikov a 54,15 Sekonnen.