
Virun engem Joer war den deemools 18 Joer jonken Osch schonn op den Olympesche Wanterspiller am südkoreaneschen Pyeongchang am Slalom an am Riseslalom, wou hien op déi 62. Plaz koum, dobäi. Elo zu Kitzbühl un den Depart vum Slalom kënnen ze goen, ass natierlech och een Héichpunkt. Fir de jonke Lëtzebuerger ass et ëmmer eng ganz grouss Éier, fir de Grand-Duché bei engem Weltcup kënnen ze vertrieden a Kitzbühel ass do ganz besonnesch.
De Matthieu Osch freet sech op jiddwerfalls op de Slalom e Samschdeg. D’Pist ass ganz ofwiesselend, léisst ni no an et ass vun allem eppes dran.
Mat sengen 19 Joer ass de Fils vum fréiere Lëtzebuerger Schifurer Gilles Osch am Gaangen, eréischt d’Welt vum Weltcup ze entdecken. Dofir soll och ee Schratt nom anere gemaach ginn.
De fréiere Schüler aus dem Sportlycée, deen elo am Schi-Gymnasium zu Saalfelden an Éisträich trainéiert, huet scho säi Plang fir d’Zukunft.
D’nächst Woch soll de Matthieu Osch dann och beim Weltcup zu Schladming an Éisträich un den Depart vum Slalom goen.
E Samschdeg war zu Kitzbühel an Éisträich schonn d’Descente. Hei gouf et eng Victorie fir den Dominik Paris.
RTL-Artikel: Hahnenkamm-Descente: Dominik Paris feiert “Streif-Triple zu Kitzbühel