
Beim K1-Premier-League zu Paräis, engem vun deenen héchsten Karate-Tournoien op der Welt, koum d’Kimberly Nelting bei hirem éischten Optrëtt bei de Senioren op deem héijen Niveau, an der Kategorie bis 61 Kilo op déi staark 7. Plaz.
An der zweeter Ronn, huet sech d’Lëtzebuergerin nëmme ganz knapp mat 0-1 der aktueller Weltmeeschterin Gwendoline Philippe aus Frankräich misse geschloe ginn. Duerno gouf et am Repéchage nach eng Victoire an eng Defaite.
D’Juniorweltmeeschterin huet awer an der franséischer Haaptstad iwwert hire Club vun Nidderaanwen missen ugemellt ginn, well d’Lëtzebuerger Karate-Federatioun déi 18 Joer al Karateka net fir dësen Tournoi umelle wollt.