Schi AlpinJosef Ferstl wënnt de Super G zu Kitzbühel

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet d'Stephanie Venier zu Garmisch-Partenkirchen déi éischte Kéier e Weltcup gewonnen.

Zu de Favoritten huet de Josef Ferstl virun der 79. Editioun vun der Hahnenkamm-Course net wierklech gezielt. Ma um Sonnndeg sollt den 30 Joer ale Däitschen awer e gudden Dag erwëscht hunn a kann zum Schluss, genau sou wéi säi Papp Sepp Ferstl 1978 an 1979, seng éischt Victoire um Hahnenkamm zu Kitzbühel feieren.

Op déi zweete Plaz huet et de Johan Clarey aus Frankräich mat engem Réckstand vun 0,08 Sekonne gepackt. Drëtten ass den Dominik Paris aus Italien.

© Bob Leven

D’Damme waren um Sonndeg zu Garmisch-Partenkirchen gefuerdert, wou d’Stephanie Venier aus Éisträich fir déi éischte Kéier als Weltcup-Gewënnerin gekréint ginn ass. Si huet sech mat engem Virsprong vun 0,25 Sekonnen virum Sofia Goggia aus Italien an dem Kira Weidle aus Däitschland duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO