
Déi meescht Titele sinn dobäi un den Iechternacher Veräin gaangen, deen 3 Landesmeeschter konnt stellen. Bemierkenswäert ass awer och, datt dës 3 Titelen un d’Gesëschter Burdot gaange sinn, déi jeeweils an der U8, U10 an U16 gewonn hunn. Dobäi koum och nach eng Sëlwermedail fir d’Famill an der U14.
Hei d’Podiumen an deene verschiddene Kategorië mat e puer weideren Informatiounen.
U8: Bei deenen Jéngste war et ganz spannend an d’Entscheedung ass eréischt an de leschte Partië gefall, allerdéngs schonn de Weekend vum 19. an 20. Januar. Um Enn waren 3 Spiller punktgläich an et war d’"Summewäertung”, déi entscheet huet. D’Dora Burdot vun Iechternach huet domadder hiren éischten Titel konnte feieren.
1. Dora Burdot (De Sprénger Echternach)
2. Krish-Leo Singh (Gambit Bonnevoie)
3. Arina Antikyan (Le Cavalier Differange)

U10: An der U10 hat alles no enger klorer Victoire vum Yvon Burdot ausgesinn, mä hien hat e bëssen iwwerraschend an der 6. Ronn géint de Santiago Ortiz Bogdanov verluer. Well hien awer all déi aner Partië gewonn hat a seng Verfolger sech d’Punkte géigesäiteg ofgeholl hunn, goung et um Enn duer fir en zweeten Titel an der Famill Burdot.
1. Yvon Burdot (De Sprénger Echternach)
2. Luca-Alexandru Stan (Le Cavalier Differdange)
3. Mihai Salomeia (Gambit Bonnevoie)

U12: An der U12 gouf et eng Iwwerraschung, well et net de favoriséierte Francois Gerard war, deen um Enn gewonn huet, mä de Vlad Onea. Den Onea konnt an der 2. Ronn de Gerard klappen a war domadder am direkte Vergläich virum Gerard. Den Onea hat zwar nach verluer géint de Pablo Ortiz Bogdanov, mä et goung um Enn duer fir den Titel als Champion de la Fédération. De Landesmeeschtertitel goung un de Francois Gerard, well de Vlad Onea net déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet.
1. Vlad Onea (Gambit Bonnevoie)
2. Francois Gerard (Le Cavalier Differdange)
3. Pablo Ortiz Bogdanov (Le Cavalier Differdange)

U14: An enger ganz ausgeglachener Kategorie konnt sech zum Schluss de Franciszek Waligore duerchsetze mat 5 Victoiren an 2 Remisen. Déi zweet Plaz goung un de Louis Burdot, dee just 3 Partië konnt gewannen an 4 Mol Remis gemaach huet, geneesou wéi den Drëttplazéierte Wojtek Wiejak.
1. Franciszek Waligora (Le Cavalier Differdange)
2. Louis Burdot (De Sprénger Echternach)
3. Wojtek Wiejak (Bettembourg)

U16: An der U16 gouf et den drëtten Titel fir d’Famill Burdot an zwar duerch d’Clara Burdot. Si huet déi entscheedend Partie géint de Sacha Biryukov um Samschdeg gewonn a konnt domadder den Titel an dëser Kategorie feieren. Mam Anaid Oberwies komplettéiert eng weider Spillerin vun Iechternach de Podium.
1. Clara Burdot (De Sprénger Echternach)
2. Sacha Biryukov (Le Cavalier Differdange)
3. Anaid Oberweis (De Sprénger Echternach)

U18/U20: Bei deenen Eelste gouf et eng Victoire vum grousse Favorit Stefan Maltezeanu. Hie konnt um Enn all seng 6 Partië gewannen. Déi zweet Platz an den Titel an der Kategorie U18 ware fir de Michel Sadler, wärend de Pol Winkin Drëtte gouf.
1. Stefan Maltezeanu (Gambit Bonnevoie) - Champion U20
2. Michel Sadler (Le Cavalier Differdange) - Champion U18
3. Pol Winkin (Les Pions Ardennais Perlé)
Weider Informatiounen a Resultater um Site vun “De Sprénger Iechternach”.