Hahnenkamm-DescenteDominik Paris feiert "Streif-Triple zu Kitzbühel

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war am Schi Alpin déi legendär Descente op der "Streif" zu Kitzbühel. Um Enn gouf et eng italienesch Victoire.
© AFP

Den Dominik Paris huet e Freideg d’Weltcup-Descente zu Kitzbühel gewonnen. Den Italiener huet sech mat engem Virsprong vun 20 Honnertstel op de Schwäizer Beat Feuz behaapt. Um Podium stoung nach den Éisträicher Otmar Striedinger. Hien hat e Réckstand vu 37 Honnertstel.

Fir den Dominik Paris ass et schonn déi drëtte Victoire op der “Streif” zu Kitzbühel.

E Samschdeg geet et an Éisträich weider mam Slalom. Mam Matthieu Osch ass hei och ee Lëtzebuerger um Depart.

RTL-Artikel: Schi Alpin: Matthieu Osch beim Slalom zu Kitzbühel am Asaz

Back to Top
CIM LOGO