Euro Meet: 2. DagDe Remi Fabiani qualifizéiert sech fir d'Jugend-EM

RTL Lëtzebuerg
Um 2. Dag vum Euro Meet huet de 17 Joer jonke Schwëmmer sech iwwer 200 Meter Crawl an enger Zäit vun 1 Minutt 53 Sekonnen a 40 Honnertstel qualifizéiert.
Euro Meet: Remi Fabiani qualifizéiert sech fir d'Jugend-EM
Um 2. Dag vum Euro Meet huet de 17 Joer jonke Schwëmmer sech iwwer 200 Meter Crawl an enger Zäit vun 1 Minutt 53 Sekonnen a 40 Honnertstel qualifizéiert.

Um zweete Dag vum Euro Meet an der Coque huet aus Lëtzebuerger Siicht d’Leeschtung vum Schwëmmer Remi Fabiani erausgestach. De 17 Joer jonke Lëtzebuerger konnt sech iwwer 200 Meter Crawl mat enger Zäit vun 1 Minutt 53 Sekonnen a 40 Honnertstel fir d’Jugend-EM qualifizéieren. An de Virleef ass hien domadder op déi 15. Plaz komm an huet sech fir d’B-Finall e Samschdeg den Owend qualifizéiert. Hei war hien dunn net méi grad esou séier wéi um Moien a gëtt um Enn de 6. De Raphael Stacchiotti huet enttäuscht. Hien ass mat enger Zäit vun 1 Minutt 55 Sekonnen an 84 Honnertstel nëmmen den 10. ginn. D’A-Finall huet den Italiener Alberto Razzetti mat 1 Minutt 51 Sekonnen a 16 Honnertstel gewonnen.

Mam Max Mannes an dem Monique Olivier stoungen um Samschdeg zwee Lëtzebuerger an den A-Finallen.

De Max Mannes ass iwwer 50 Meter Réck um Enn de gudde 4. ginn, dat an enger Zäit vu 26 Sekonnen an 42 Honnertstel. Gewonnen huet de Rumän Robert-Andrei Glinta an enger Zäit vu 24 Sekonnen an 83 Honnertstel.

D’Monique Olivier war iwwer 50 Meter Crawl nach an d’A-Finall nogeréckelt. D’Lëtzebuergerin ass um Enn op déi 9. Plaz geschwommen. Si huet no 2 Minutten 3 Sekonnen an 93 Honnertstel ugeschloen. Déi éischte Plaz war fir déi däitsch Julia Mrozinski an enger Zäit vun 1 Minutt 59 Sekonnen a 40 Honnertstel.

De Julien Henx huet d’B-Finall iwwer 50 Meter Crawl gewonnen. Mat sengem Chrono vun 23 Sekonnen an 34 Honnertstel konnt hien zefridde sinn.

E Sonndeg ass dann de leschten Dag vum Euro Meet. Och dës Decisioune kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren.

DE LIVESTREAM VUM EURO MEET

Back to Top
CIM LOGO