De jonken David Mbang Springer konnt um Samschdeg beim Indoor-Championnat op sech opmierksam maachen. Iwwer 200 Meter huet den David Mbang Springer mat 21 Sekonnen an 57 Honnertstel eng nei Junior-Beschtleeschtung realiséiert. Iwwer 60 Meter huet den David Mbang Springer d’Course och dominéiert a mat 6 Sekonnen an 93 Honnertstel dem Yoann Bebon seng Junior-Beschtzäit aus dem Joer 2007 egaléiert.

Bei den Dammen ass den Titel iwwer 60 Meter wéi erwaart un d’Patrizia Van der Weken gaangen. Dëst an der Zäit vu 7 Sekonnen an 43 Honnertstel.
Iwwer 60 Meter Hecke bei den Dammen huet d’Lara Marx hiren Titel verdeedegt.
Iwwer 400m huet d’Fanny Arendt d’Course souverän gewonnen an hir national Beschtzäit bei de Cadettes vun der leschter Woch op en neits verbessert, dat ëm 20 Honnertstel. Déi nei Indoor-Beschtleeschtung läit elo bei 56 Sekonnen an 10 Honnertstel.
D’Anaïs Bauer war iwwer 200 Meter a 24 Sekonnen a 77 Honnertstel déi Séierst.
Iwwer 1500 Meter huet sech bei den Dammen d’Lena Kieffer den Titel geséchert, dat a 4 Minutte 37 Sekonnen an 32 Honnertstel.

FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.luDe Charel Gaspar war mat sengen 2 Meter an 8 Zentimeter de Beschten am Héichsprong.
Am Dräisprong bei den Häre gouf et mat 13 Meter eng Victoire fir de Louis Muller. De Stäerksten am Stafhéichsprong war de Joé Seil mat 4 Meter an 80 Zentimeter.
Am Bommstousse bei den Damme gouf et den erwaarten Titel fir d’Stéphanie Krumlovsky mat 13 Meter an 48 Zentimeter.