TëschebilanChester Kieffer iwwerzeegt am Carrera Cup Däitschland

Tom Hoffmann
Den Chester Kieffer fiert den nächste Weekend seng éischt Course am Porsche Supercup zu Monaco. Wien awer elo mengt, dass dem jonke Lëtzebuerger seng Saison elo réischt ufänkt, deen iert sech. Dës Saison geet den Chester Kieffer och am Porsche Carrera Cup Däitschland un den Depart.
Chester Kieffer iwwerzegt am Carrera Cup Däitschland.
Den Chester Kieffer fiert den nächsten Weekend seng éischten Course am Porsche Supercup zu Monaco.

De Porsche Carrera Cup Däitschland gëllt als eng Serie, an där op der Streck haart gekämpft gëtt. Kontakter tëscht de Pilote gehéieren dozou. Mol méi liicht, mol méi hefteg. Och dës Erfarung huet den Chester Kieffer an den éischte Coursse vu senger Saison misse maachen. Den Optakt ass fir de Lëtzebuerger nämlech alles anescht wéi ideal verlaf.

Am franséische Porsche Carrera Cup hat den 19 Joer jonke Pilot zesumme mat Schumacher CLRT lescht Saison geglänzt a souverän d’Rookie-Klassement gewonnen. An der däitscher Serie ass et d'Zil, dëst Resultat ze widderhuelen.

Den Chester Kieffer: "Ech wollt mat hinne bleiwen, well se einfach e richtegt Top-Team sinn an och d'lescht Joer d'Supercup gewonnen hunn an d'Carrera Cup Däitschland als Team. Mat der beschter Ekipp an de Carrera Cup Däitschland eranzekommen, war och gutt, well dat ass deen nächste logesche Schrëtt nom Carrera Cup Frankräich.”

Am Géigesaz zu verschiddene Konkurrente geet Schumacher CLRT mat nëmmen zwee Autoen un den Depart. Dat bréngt Virdeeler mat sech, virun allem wat den Austausch an der Ekipp ugeet.

"Du hues natierlech vill méi Zäit wéi an engem Team, wou méi Autoen a méi Fuerer sinn, well do mussen d'Ingenieuren ëmmer ronderëm lafen an e bëssen iwwerall sinn. An hei, well mer just zwee Fuerer sinn, mam Flynt Schuring a mat mir, kënne mir vill méi mam Ingenieur selwer schaffen an och mat de Mecaniciene besser schwätzen an och einfach méi an den Detail goen.”

Op der anerer Säit vun der Garage steet mam Flynt Schuring en Teamkolleeg, dee wéi den Chester Kieffer e schwierege Saisonstart hat. Duerno konnt den Hollänner awer véier Courssen hannerenee gewannen. Fir de Lëtzebuerger ass et e grousse Pluspunkt, esou e staarke Referenzpilot nieft sech ze hunn, besonnesch op Circuiten, déi hien nach net esou gutt kennt.

"Mat mengem ganz gudden Teamkolleeg Flynt Schuring hunn ech ganz gutt Daten, déi ech mer kann ukucken an déi mir dann och hëllefen, fir mech esou séier wéi méiglech ze entwéckelen, fir esou séier wéi méiglech ze sinn.”

D’Leeschtunge vum Chester Kieffer kënne sech och weise loossen. An den éischten aacht Coursse vun der Saison huet hie sechs Mol d’Rookie-Klassement gewonnen. Den ursprénglechen Haaptobjectif ass awer mëttlerweil net méi nëmmen op dës Kategorie limitéiert.

"Ech probéieren elo nom schwieregen Start vun der Saison am Rookie-Klassement erëm no vir ze kommen, fir dass ech do de Lead hunn, mee elo ass d'Konzentratioun méi um General, well ech gesinn, dass ech dat kann an d'Pace an den Auto dofir hunn. Dat heescht de Fokus ass um Overall fir de Rescht vun der Saison. De Rookie ass just Supplement, kënne mer soen.”

D’Vertrauen a seng eegen Stäerkten ass do, an och d’Resultater stëmmen. Dat huet sech virun allem zu Zandvoort gewisen, wou sech den Chester Kieffer mat enger staarker Qualifikatioun an eng exzellent Ausgangspositioun bruecht huet fir e grousse Coup ze realiséieren. Um Enn gouf hien och mat sengem éischte Podium belount an ass op enger staarker drëtter Plaz iwwert d’Arrivée gefuer.

"Natierlech ganz, ganz cool fir mech, och hei zu Zandvoort op enger Streck, déi ganz schwéier ass, an eng Streck, déi ech am mannste kennen, dat heescht, fir et op esou enger Plaz esou e Resultat ze realiséieren, weist, dass ganz vill Potenzial dran ass fir de Rescht vun der Saison.”

Et bleift ofzewaarden, wéi sech den Chester Kieffer an der éischter Manche vum Porsche Supercup schléit. Dës Course gëtt den nächsten Weekend am Kader vum F1 Grand Prix zu Monaco gefuer an och bei eis live iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO