WM-Qualifikatioun am HandballLëtzebuerger Dammen no Néierlag an der Realitéit ukomm

Yannick Glod
D'15:27-Defaite bedeit och, dass d'FLH-Selektioun eliminéiert ass. Der Nationaltrainerin Nina Kanto steet mat hirer Ekipp nach e laange Wee bevir.
© Yannick Glod

D'Woch vun der Nationalekipp kann ee mat der Iechternacher Sprangpressessioun an alen Zäite vergläichen - just ëmgedréint: zwee Schrëtt no vir, dräi zeréck. No der éischter Victoire zënter siwe Joer e Mëttwoch (22:20) war d'Erwaardungshaltung grouss, am zweete Match géint Groussbritannien gouf et awer eng däitlech 15:27-Defaite. No der Opbrochstëmmung vun e Mëttwoch steet een um Enn nees mat eidelen Hänn do.

Schonn an der Ufanksphas hat sech ugedeit, dass et e ganz schwéiere Match fir d'Rout Léiwinne gi sollt. Wuel konnten d'Lëtzebuergerinnen den éischte Gol vun der Partie markéieren - wat net wéi zu Derby néng Minutte gedauert huet -, mee duerno hunn d'Brittinnen de Kommando iwwerholl an d'Féierung net méi ofginn.

Tëschent de Goler vu Lëtzebuerg ass ze vill Zäit vergaangen (Nummer 2 no 9 Minutten, Nummer 3 no 14 Minutten). Wéi schonn an England stoungen d'Rout Léiwinnen an der Defense gutt, mee an der Attack hu si d'Prezisioun bei de Passen an de Wërf vermësse gelooss. D'Trainerin Nina Kanto huet op en Neits op eng reng Diddelenger Defense gesat (Willems, Wirtz, Scheuren, Mputu Lozano, Caruso, Dautaj) an huet am Ugrëff vill gewiesselt.

Groussbritannien war och net fräi vu Feeler, huet dës awer no der Ufanksphas reduzéiert kritt a seng Chancen eragemaach. D'Laure Flener konnt hir Leeschtung vun e Mëttwoch (17 Paraden) net widderhuelen an d'Maëwa Huberty hat wuel e puer flott Paraden, déi awer duergoungen, fir Lëtzebuerg am Match ze halen.

Kuerzzäiteg koum beim Stand vu 6:8 (20. Minutt) d'Hoffnung op, dass Lëtzebuerg am Spill wär, mee dëse Momentum war séier verpufft. Beim Pausestand vun 9:14 war nach alles dran, mee den erhofften Turnaround sollt de Roude Léiwinnen net geléngen.

Symbolesch fir d'Beméiunge vu Lëtzebuerg war de Worf vun der Dea Dautaj an der 35. Minutt. No engem Ballgewënn ass d'Diddelengerin op den eidele Gol zougelaf, huet de Ball aus 15 Meter, a Bedrängnis, awer un de Potto gesat.

Well d'Lëtzebuergerinne keng Léisunge géint de groussgewuessene brittesche Mëttelblock fonnt hunn an dacks un der Golkippesch Clio Stephanides hänke blouwen, ass de Virsprong vu Groussbritannien ëmmer weider ugewuess. Beim Réckstand vun 8 Goler an der 42. Minutt (12:20) war de Match entscheet. D'Nina Kanto war un der Säitelinn net zefridde mat der Leeschtung vun hirer Ekipp.

An de leschte Minutten haten d'Lëtzebuergerinne keng Kraaft méi a sou ass de Virsprong vun de Gäscht bis op 12 Goler gewuess. 770 Spectateuren haten de Wee an d'Coque fonnt, dorënner och vill brittesch Supporter, déi hir Ekipp ugefeiert hunn.

An der Paus kruten d'Kim Wirtz, d'Tina Welter (Rekordnationalspillerin mat meeschte Goler) an d'Jenny Zuk Äddi gesot a goufe fir hir Verdéngschter fir d'Fraen-Nationalekipp an de leschte Jore geéiert.

D'Tina Welter, d'Kim Wirtz an d'Jenny Zuk goufe fir hir Verdéngschter an der Nationalekipp geéiert.
D'Tina Welter, d'Kim Wirtz an d'Jenny Zuk goufe fir hir Verdéngschter an der Nationalekipp geéiert.
© Yannick Glod

Et hätt en historesche Moment fir d'Dammen-Nationalekipp kënne ginn (éischt sportlech Qualifikatioun fir zweeten Tour), mee d'Missioun vun der Nina Kanto geet weider. D'Resultater géint Groussbritannien weisen, dass nach vill Aarbecht op d'Franséisin waart. Elo gëllt et déi positiv Saachen aus de leschte Woche matzehuelen, fir déi nächst Schrëtt ze goen. Hoffentlech net nees am Stil vun der Iechternacher Sprangpressessioun.

Back to Top
CIM LOGO