European Cup am HandballDéifferdeng iwwerrascht Velenje, Esch schonn nom 1. Match eraus

Yannick Glod
D'Red Boys gewannen 31:29 a Slowenien, wärend Esch nom 21:41 schonn d'Wallisse pake kann.
© AFP (Archiv)

E Samschdeg stoung fir Esch an Déifferdeng jeeweils e Match European Cup um Programm. Esch huet sech iwwer den Tëschestopp Amsterdam op Island deplacéiert, wärend Déifferdeng a Slowenien gereest ass. Déi Schwaarz-Wäiss hate sech an der éischter Ronn géint Tikves aus Nordmazedonien duerchgesat.

Fir den HBE ass nom éischte Match vum Double Header scho kloer, dass an der zweeter Ronn Endstatioun ass. D'Resultat géint Haukar Hafnafjordur war mat 21:41 méi wéi däitlech. Et war gewosst, dass et eng schwéier Aufgab gi géif, well d'Islänner an de leschte Jore vill Erfarung am European Cup gesammelt hunn an 2025/26 souguer an der Véierelsfinall stoungen.

De Klassenënnerscheed tëscht béiden Ekippe war scho fréi am Match ze gesinn. Ausserdeem hat Esch mam Luca Tomassini schonn no 10 Minutten e ganz wichtege Spiller duerch eng Disqualifikatioun verluer. Esch huet uschléissend fënnef Minutte gebraucht, fir nees e Gol ze werfen - Haukar hat an der Tëschenzäit schonn dräi markéiert a war op fënnef Goler fort (4:9). De Virsprong vun den Islänner ass bis an d'Paus op néng Goler gewuess (10:19).

Eenzeg déi fënnef Goler vum Duarte Clemente hunn Esch an dëser Phas gehollef. Domat war et no der Paus awer och eriwwer, well Haukar sech besser op de Portugis agestallt hat. Et sollte just nach zwee Goler am zweeten Duerchgang op säi Kont goen. Der Statistik vun der EHF no hunn d'Escher am ganze Match just 39 Mol op de Gol geworf, Haukar dogéint 58 Mol.

Fir d'Red Boys Déifferdeng sinn et déi éischt Matcher am European Cup dëst Joer - an dat géint keen anere wéi déi fréier Champions-League-Ekipp Gorenje Velenje. Ausserdeem bréngen d'Sloweenen dräi Joer Erfarung aus der European League mat. Domat haten déi Rout um Pabeier déi schwéierst Aufgab vun alle lëtzebuergesche Vertrieder.

Der Ekipp vum Trainer Marc Breser sollt awer eng Iwwerraschung géint den Traditiounsveräi geléngen. Si setze sech um Enn 31:29 duerch an hunn eng gutt Ausgangspositioun fir den zweete Match e Sonndeg. Vläicht war och den Numm vun der Hal Rdeca dvorana (Rout Hal) e gutt Omen fir d'Red Boys.

Bis op den 0:1 louch Déifferdeng de ganze Match iwwer ni hannen. Mat propperem Handball a Sécherheet virum Gol konnt d'Red Boys fréi de Grondstee fir d'Victoire leeën. An der Paus stoung et schonn 18:13 fir d'lëtzebuergesch Ekipp. De Virsprong ass am zweeten Duerchgang op maximal siwe Goler gewuess, woumat eng Iwwerraschung ëmmer méi warscheinlech gouf.

De Match wär an der Schlussphas awer bal nach eng Kéier gekippt, well Déifferdeng en 0:5-Laf géint sech krut a Velenje bis op ee Gol dru war (28:29 an der 58. Minutt). Den Ouzrour an de Meyffret hu mat zwee Goler awer fir d'Entscheedung gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO