Handball-ChampionnatBierchem mat béisem Déjà-vu-Erliefnis zu Esch

Yannick Glod
Den HBE huet d'Réiserbänner 36:34 geklappt. Rëmeleng fiert mat enger defteger Néierlag heem. Dikrech bleift och nom Match géint Déifferdeng ouni Punkt.
© AFP (Archiv)

Hären

Den HC Bierchem muss sech wéi engem Déjà-vu virkomm sinn. Wéi schonn e Samschdeg war d'Resultat am Match géint den HB Esch quasi bis zum Schluss hin an hier gaangen an d'Entscheedung ass an de leschte Minutte gefall. Dës Kéier awer mat engem negativen Ausgang aus Bierchemer Siicht. D'Réiserbänner verléiere 34:36 géint d'Ekipp aus der Minettmetropol.

Den HBE huet sech vun der verdéngter Néierlag géint Déifferdeng gutt erholl gewisen, war nom Spillverlaf vun der zweeter Hallschent awer de méi gléckleche Gewënner. Bierchem hat de Karamehmedovic schonn am éischten Duerchgang duerch dräi Zäitstrofe verluer a war mat engem 16:17 an d'Kabinne gaangen. No der Paus huet d'Ekipp vum Martin Hummel de Score awer séier zu senge Gonschte gedréit. An der Crunchtime konnten d'Escher ausgläichen an et huet sech eng spannend Schlussphas entwéckelt, an där déi Schwaarz-Wäiss de Sak zoumaache konnt.

Am zweete Match vum Mëttwoch huet den HB Diddeleng der Esperance Rëmeleng eng defteg Packung mat op de Wee ginn. D'Spectateure krute beim 50:35 am Ganze 85 Goler ze gesinn. Och wann Diddeleng fir vill Goler bekannt ass, si 50 Goler en neien Héchstwäert an dëser Saison.

Nom verkierzen op 8:9 no enger gudder Véierelstonn hat Rëmeleng der Offensivpower vum HBD näischt méi entgéint ze setzen a louch an der Paus schonn 9 Goler hannen (17:26). De Josip Ilic war an dësem Match net ze bremsen an huet souguer méi Goler (14) wéi den Itua Etute (10) markéiert. Op Rëmelenger Säit huet den Daniel Elting mat 8 Goler dogéint gehalen.

E Samschdeg huet d'Red Boys Déifferdeng hire Match géint de Chev Dikrech gespillt a mat 36:28 gewonnen. D'Nordliichter ware mat just 11 spillfäege Spiller an de Süde gereest. Domat bleift Dikrech och am siwente Match ouni Punkt a muss ech an der Réckronn strecken, fir nach eng Chance op Plaz 6 ze hunn.

Et muss een dem Chev zegutt halen, dass si och bei héije Réckstänn net opginn hunn a versicht hunn, d'Resultat sou kleng wéi méiglech ze halen. An der Paus (17:14) an och an der 54. Minutt (30:25) war dat de Fall, an de leschte Minutten huet Déifferdeng nach eng Kéier seng Stäerkten ausgespillt.

Bierchem ass dëse Weekend als eenzeg lëtzebuergesch Ekipp am European Cup am Asaz.

________________________________________________

Dammen

Den Damme-Championnat pauséiert déi nächst Woche wéinst der Nationalekipps-Campagne. Den 21. a 25. Oktober stinn zwee Qualifikatiounsmatcher géint Groussbritannien um Programm. Et wäert den éischten Asaz vun der Nina Kanto als nei Nationaltrainerin sinn.

Back to Top
CIM LOGO