VIDEO - ÄishockeyBeefort Knights klappe Gullegem Jets

RTL Lëtzebuerg
Beefort spillt den Ament an der zweethéchster belscher Liga.

Am Äishockey gewannen d’Beefort Knights am Kader vu engem Championnatsmatch an der éischter belscher Divisioun mat 9:4 géint d’Gullegem Jets. Beefort spillt den Ament an der zweethéchster belscher Liga.

Besonnesch opgefall an där Partie ass de Beeforter mat der Nummer 90, de Kevin Grönlund, deen net manner ewéi 4 Goler geschoss huet. Och de Goalie vun den Haushären, de Michel Welter, huet mat staarke Paraden impressionnéiert a wichteg Schëss ofgewiert.

Nom éischten Drëttel stoung et ewell 2:1 fir Beefort. Och am weidere Verlaf vum Match hunn d’Knights de Géigner dominéiert an hunn a Powerplay-Situatiounen déi néideg Rou gewisen.

VIDEO: Äishockey: E Portrait vun de "Beefort Knights"
Schwätzt een iwwer Äishockey, sou denkt ee meeschtens un den Tornado Lëtzebuerg.
Ma deen eelste Veräin aus dem Land ass am Mëllerdall doheem.

Back to Top
CIM LOGO