Short Track Junior-Weltmeeschterschaft4 Lëtzebuerger am Asaz zu Montreal

RTL Lëtzebuerg
De Weekend hate 4 jonk Lëtzebuerger Athleten a Kanada d'Chance, sech och op internationalem Niveau ze moossen.

An der Distanz vun 1500 Meter ass et wéinst enger Chute an enger Strof net optimal verlaf a sou waren et just nach d’Anna Ruysschaert an de Peter Murphy, déi 42. a 66. gi sinn.

Besser ass et dogéint awer iwwer 500 Meter gelaf, wou et d’Caroline Murphy an d’Anna Ruysschaert bei den Dammen am Schlussklassement op déi 31. an déi 39. Plaz gepackt hunn.

Bei den Häre kommen den Augustin Géré an de Peter Murphy op déi 34. Plaz vun am Ganze 76 Coureuren.

En neie Junior-Weltrekord ass awer och nach opgestallt ginn. D’US-Amerikanerin Maame Biney huet an der Course iwwer 500 Meter eng weltwäit Beschtzäit vun 43,212 Sekonne gepackt.

Back to Top
CIM LOGO