No trageschem Virfall bei MatchVerstuerwene Futtballprofi Jesús de Miguel a senger Heemecht begruewen

RTL mat AFP
En Donneschdeg am Nomëtteg ass de spuenesche Futtballer Jesús de Miguel a senger Heemechtgemeng Navahermosa, net wäit vu Madrid, begruewe ginn.

Um Begriefnis, bei deem seng Co-Equipiere vum CD Teneriffa de Sarg gedroen haten, hunn ënner anerem och de President vu Real Madrid Florentino Pérez an de spueneschen Nationaltrainer Luis de la Fuente deelgeholl. Bis zu 400 Leit hu sech der Noriichtenagence AFP no fir d'Trauerzeremonie versammelt.

"Et gëtt keen Enn fir déijéineg, déi Spueren hannerloossen", stoung op engem schwaarz-wäisse Banner mat engem Bild vum Miguel, dat am 2.000-Awunner-Duerf opgehaange gouf. De Rafael Louzán, President vum spuenesche Futtballverband RFEF, huet sech fir Solidaritéit ausgeschwat. "Haut war den Dag, un deem mir hu mussen hei sinn, un der Säit vun der Famill vum Jesús", esou de Louzán. "De Futtball muss haut gëeent sinn".

Dem 30 Joer ale Futtballer seng Famill huet iwwert e Spriecher hire Merci un all déi Present fir "all déi Wierder, d'Zeeche vun der Zouneigung, vun der Ënnerstëtzung an dem Respekt" verliese gelooss. Gläichzäiteg hu si drëms gebieden, datt hir Privatsphär an de "Besoin, dës Trauer an der Rou ze duerchliewen, déi esou eng Situatioun erfuerdert", respektéiert gëtt.

Teneriffa hat schonn e Mëttwoch eng Veräinstrauer vu sechs Deeg ausgeruff a sämtlech Aktivitéite vu sengen Hären-, Dammen- a Jugendekippen bis Enn der Woch ofgesot. Déi spuenesch Spillergewerkschaft AFE wëll nozéien a fir eng Ofso vum nächste Spilldag plädéiert. "Déi gréissten Zouneigung, déi mir him entgéintbrénge kënnen, ass en Trauerdag. Et gëtt méi wéi genuch Zäit, fir nees spillen ze kënnen", esou den AFE-President David Aganzo.

Den de Miguel war e Méindeg wärend der Zweet-Liga-Partie tëscht dem CD Teneriffa an dem FC Andorra mam géigneresche Golipp Jesús Owono zesummegestouss an an engem kritteschen Zoustand an d'Spidol bruecht ginn. Den Dag drop ass en no engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand gestuerwen.

Eng 400 Leit hunn um Trauercortège fir de verstuerwene Jesús de Miguel deelgeholl.
Eng 400 Leit hunn um Trauercortège fir de verstuerwene Jesús de Miguel deelgeholl.
© CESAR MANSO/AFP

Haass a Menacë géint Andorra-Golkipper Owono

Nom Doud vum Jesús de Miguel hat sech och de Golkipper vum FC Andorra, de Jesús Owono zu Wuert gemellt, a vum "schlëmmsten Dag" a sengem Liewe geschwat. "Mir feelen d'Wierder, an et fält mer schwéier, dat wat geschitt ass, ze veraarbechten. De Verloscht vum Jesús bereet mir onmoosseg Péng. Meng Gedanke si bei him, senger Famill an all de Mënschen, déi e gär gehat hunn", sou de Gokipp an engem vum FC Andorra publizéierte Statement.

Déi spuenesch Police huet iwwerdeems eng Enquête géint de 25 Joer alen Owono lancéiert a wëll klären, wat genee an der Spillzeen geschitt ass, no där de Futtballer an d'Klinik ageliwwert gouf. Hie selwer wéisst, dat et "vill Saachen ze kläre gëtt, an ech wäert allem, wat op mech duerkënnt, mat gréisstem Respekt begéinen", esou de Spiller weider.

Nom Incident hat de Jesús Owono wéinst engem massive Stuerm un Haasskommentare seng Konten an de soziale Reseauen zougemaach. Scho Momenter nom heftegen Zesummeprall ware vun der Tribün "Mäerder!"-Riff ze héieren. An de soziale Medien haten User iwwerdeems och eng Enquête wéinst Mord an esouguer Prisong fir de Golkipper gefuerdert.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO