Parquet freet 20 Joer Prisong fir Brandstëftung um Grondhaff“Ech sinn en Idiot, dir hutt Recht. Ech hunn e Probleem mam Feier”

Michèle Sinner
Am Prozess wéinst Brandstëftung um Dikrecher Geriicht huet de Parquet eng Prisongsstrof vun 20 Joer gefrot.
"Ech hunn e Probleem mam Feier": 20 Joer Prisong gefrot.
© Domingos Oliveira

Den Ugekloten huet zouginn, datt hien 2023 um Späicher vun engem Hotel an 2019 op der Terrasse vun engem Campingschalet um Grondhaff Feier geluecht huet.

“Ech sinn en Idiot, dir hutt Recht. Ech hunn e Probleem mam Feier”, sou huet de Vertrieder vum Parquet den Ugekloten aus enger vu senger Auditiounen zitéiert. Hien huet drun erënnert, datt de 45 Joer ale Mann schonn eng Prisongsstrof wéinst Brandstëftung hannert sech huet. Als erschwéierend Ëmstänn huet de Parquet zeréckbehalen, datt de Moment vum Feier 23 Leit am Studio-Hotel waren. “Et ass e Wonner, datt net méi geschitt ass.” Ausserdeem ware béid Feier, och dat um Camping, an der Nuecht geluecht goufen.

Ma den Ugekloten hätt net nëmmen e Probleem mam Feier, mee och mam Alkohol. A mat der Frustbewältegung, esou de Vertrieder vum Parquet. “Wann déi dräi Saache beieneekommen, dat gëtt et e Probleem fir säin Ëmfeld.” Den Ugekloten ass net just alkoholkrank, mee war effektiv staark alkoholiséiert, wéi en 2019 an 2023 Feier geluecht huet. De psychiatreschen Expert huet him dowéinst eng liicht Aschränkung vu senger Handlungsfäegkeet attestéiert.

Säin Affekot huet dat ugezweiwelt. Nom Brand am Hotel war en Alkoholtaux vun 2,75 Promill festgestallt ginn. Do wier och säi Client däitlech a senger Handlungsfäegkeet beanträchtegt. Hie géif den Ugeklote schonn zanter 20 Joer kennen, sou laang wier hie schonn säin Affekot. Dee wier, wann en net alkoholiséiert wier, héich intelligent. “Hie weess, datt e säi Liewe verhonzt huet”, esou de Me Stroesser. Et wier am Fong e respektvolle, sympathesche Kärel, dee gären anere Leit géing hëllefen. Sou wéi en der Gerante vum Camping gehollef huet, wann déi gesondheetlech Probleemer hat. Oder de Bewunner vum Hotel den Dag nom Brand hir Medikamenter organiséiert huet, déi se duerch de Brand verluer haten. “Hie leet keng Feier aus Pleséier, mee well e krank ass.” Dofir misst hien onbedéngt eng Therapie kréien. Och fir datt en an der Rei wier, wann en nees aus dem Prisong eraus kënnt

Den Ugeklote selwer huet sech nach emol entschëllegt, hien hätt zanter e Méinde vill nogeduecht iwwert d’Leed, dat hie sengen Nopere gemaach. Hie wéilt am Prisong onbedéngt seng Therapie richteg viru féieren. An och nach dono.

D’Urteel gëtt de 14. Januar geschwat.

Back to Top
CIM LOGO