
Géint 9:20 Auer war en Abroch an e Geschäft an der Avenue de la Gare gemellt ginn. Policeinformatiounen no hat sech e Mann mat Gewalt Accès zu engem Buttek verschaaft, andeems hien d'Agangsdier opgedréckt huet. Bannen huet en da sëllege Wuere matgoe gelooss, ier e bei der Sortie vun Employéeën a vun zwee Sécherheetsleit bemierkt a festgehale gouf. Wéi Policebeamten op d'Plaz koumen an de Verdächtege kontrolléiert hunn, hat sech erausgestallt, datt hien dee selwechten Dag scho wéinst zwee weideren Déifställ aus Geschäfter an der Avenue de la Gare opgefall war. Hien hat déi geklaute Saachen nach bei sech, dës goufe séchergestallt.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.