Europa LeagueFreiburg an Aston Villa spillen an der Finall zu Istanbul géinteneen

Jeff Birsens
Den SC Freiburg huet sech no iwwer 80 Minutten an Iwwerzuel géint Braga fir d'Finall qualifizéiert. Aston Villa huet Nottingham donieft mat 4:0 iwwerrannt.
Freiburg's German defender #17 Lukas Kuebler (R) celebrates scoring his team's first goal during the UEFA Europa League semi-final second leg football match between SC Freiburg and SC Braga in Freiburg im Breisgau, southwestern Germany on May 7, 2026. (Photo by THOMAS KIENZLE / AFP)
De Lukas Kübler freet sech no sengem Gol zur 1:0-Féierung fir Freiburg.
© AFP

En Donneschdeg den Owend goufen an der UEFA Europa League béid Finalisten decidéiert. An der Finall den 20. Mee zu Istanbul kënnt et zum Duell tëscht dem SC Freiburg an Aston Villa.

An der Finall vun der Conference League spille Rayo Vallecano a Crystal Palace géinteneen.

Freiburg - Braga 3:1
1:0 Kübler (19'), 2:0 Manzambi (41'), 3:0 Kübler (72'), 3:1 Pau Victor (79')

No der 2:1-Defaite am Allersmatch huet sech den SC Freiburg am Retourmatch virun den eegene Spectateure mat engem 2:0-Succès fir d'Finall qualifizéiert. Schonn no 6 Minutte waren déi portugisesch Gäscht no enger Noutbrems vum Mario Dorgeles an Ënnerzuel. Dat huet de Freiburger natierlech voll an d'Kaarte gespillt. Fir d'éischt war et de Lukas Kübler no knapp 20 Minutten an dann de Johan Manzambi kuerz virun der Paus, déi d'Lokalekipp mat enger verdéngter 2:0-Féierung an d'Paus geschéckt hunn.

No der Paus louch en drëtte Gol an der Loft, ma den SCF huet d'Chance e puer Mol verpasst, fir eng virleefeg Decisioun ze suergen. An der 72. Minutt sollt den 3:0 dann awer geléngen, op en Neits duerch de Lukas Kübler, woumat den Deckel virun enger euphoriséierter Kuliss quasi drop war. Braga konnt zwar nach eemol an der 79. Minutt verkierzen, fir ee weidere Gol sollt et awer net méi duergoen. Domat zitt den SC Freiburg fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an eng international Finall an.

Aston Villa - Nottingham 4:0
1:0 Watkins (36'), 2:0 Buendia (58'), 3:0 McGinn (77'), 4:0 McGinn (80')

Och Aston Villa huet eng Defaite aus dem Allersmatch guttgemaach a steet no enger 2:0-Victoire géint Nottingham an der Finall. Am eegene Stadion war Villa vun Ufank un déi méi aktiv Ekipp an ass no enger gudder hallwer Stonn och verdéngt a Féierung gaangen. No der Paus huet dann een éischter onnéidegen Eelefmeter aus Siicht vun Nottingham fir den 2:0 gesuergt, dat well de Pau beim Feeler vum Defenseur mam Réck zum Gol stoung. Aston Villa huet dat natierlech gär ugeholl a vum Eelefmeterpunkt duerch den Emiliano Buendia erhéicht.

Nottingham ass zwar deen een oder anere Konter gelongen, sou richteg befreien an d'Kontroll selwer iwwerhuele konnt een awer net. Sou war et an der 77. an der 80. Minutt den John McGinn, dee mat zwee Goler kuerz noenee fir de 4:0 an domat d'Virentscheedung gesuergt huet. Nottingham konnt näischt méi dogéintsetzen a sou huet sech Aston Villa um Enn verdéngt fir d'Finall qualifizéiert.


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO