Nieft der Europa League gouf en Donneschdeg den Owend och d'Finall an der UEFA Conference League decidéiert. De 27. Mee treffen zu Leipzig Rayo Vallecano a Crystal Palace openeen.
Stroossbuerg - Rayo Vallecano 0:1 (0:2 no Aller- a Retourmatch)
0:1 Alemao (42')
Stroossbuerg huet no der 0:1-Néierlag am Allersmatch och am Retourmatch virun den eegene Spectateuren mat 0:1 géint Rayo Vallecano verluer. D'Haushären ware vun Ufank un net gutt am Match, wann ee virun de géigneresche Gol komm ass, da war et de Gaascht aus Spuenien. Kuerz virun der Paus huet den Alemao seng Ekipp dann och mam 1:0 belount. Nom Säitewiessel war weider Rayo déi besser Ekipp. Vu Stroossbuerg ass ze wéineg komm, fir de Réckstand vun zwee Goler iwwerhaapt nach kënnen opzehuelen. Um Enn stoung ee verdéngte Finalist vu Rayo Vallecano fest.
Crystal Palace - Shakthar Donezk 2:1 (5:2)
1:0 Henrique (25'), 1:1 Eguinaldo (34'), 2:1 Sarr (52')
Crystal Palace war scho mat engem gudde Polster vun dräi Goler an de Retourmatch gaangen a konnt da relativ fréi och zu London a Féierung goen. Zwar war Donezk gutt a mat vill Intensitéit an de Match gestart, ma duerch en ongléckleche Selbstgol vum Pedro Henrique stoung et no 25 Minutten 1:0 fir Palace. Zwar konnt den Eguinaldo nach virun der Paus de verdéngten 1:1 markéieren, ma den 2:1 duerch den Ismaila Sarr an der 52. Minutt huet d'Saach dann nees relativ kloer gemaach. Fir Shakthar war de Réckstand ze grouss a Palace konnt d'Féierung iwwer d'Zäit bréngen.