Champions LeaguePSG eliminéiert Bayern no 1:1 am Retourmatch a spillt an der Finall géint Arsenal

Jeff Birsens
Dem PSG ass am Retourmatch zu München en 1:1-Remis duergaangen, fir den Ticket fir d'Finall kloer ze maachen. Do geet et elo géint Arsenal.
Paris Saint-Germain's French forward #10 Ousmane Dembele (2L) celebrates scoring his team's first goal with team mates during the UEFA Champions League second-leg, semi-final football match between FC Bayern Munich and Paris Saint-Germain (PSG) in Munich, southern Germany on May 6, 2026.
D'Spiller vum PSG freeë sech iwwert den 1:0 vum Ousmane Dembélé.
© AFP

E Mëttwoch den Owend huet de PSG de Retourmatch zu München mat 1:0 géint den FC Bayern gewonnen a sech duerch de 5:4-Succès am Allersmatch fir d'Finall vun der UEFA Champions League qualifizéiert. No engem fréie Gol vum Ousmane Dembélé war et weider en animéierte Match an deem sech d'Münchener vill ëm eng Reaktioun beméit hunn, dobäi awer réischt an der Nospillzäit Succès haten. Dat war ze spéit, fir de Match nach an eng méiglech Verlängerung ze bréngen.

An der Finall zu Budapest den 30. Mee kënnt et domat zum Duell tëscht Arsenal an dem PSG. D'Gunners hate sech den Ticket fir d'Finall en Dënschdeg mat enger 1:0-Victoire am Retourmatch géint Atlético Madrid geséchert.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Bayern - PSG 1:1
0:1 Dembélé (3'), 1:1 Kane (90+4')

All d'Goler vum Match Bayern géint PSG
Am Retourmatch gouf et ee fréie Gol vum PSG an e spéide Gol vum FC Bayern

De Retourmatch an der Allianz Arena zu München huet genee sou ugefaange wéi een et am Allersmatch zu Paräis gewinnt war. Mat engem Gol. An der drëtter Spillminutt war et eng gutt ausgespillt Attack vum PSG, déi d'Bayern äiskal erwëscht huet. Den Ousmane Dembélé konnt d'Gäscht mat engem Schoss ënnert d'Lat fréi a Féierung bréngen. Duerno war et weider eng immens animéiert Partie, an där souwuel d'Münchener, wéi och de PSG trotz der Féierung sech net verstoppt an de Wee a Richtung Gol gesicht hunn.

Hëtzeg gouf et dann am Stadion no enger gudder hallwer Stonn, wéi en Defenseur vu PSG beim Versuch de Ball ze klären, en eegene Spiller am Strofraum däitlech un der ausgestreckter Hand getraff huet. D'Münchener hunn en Eelefmeter gefuerdert, ma mam Arbitter war net ze schwätzen.

Nom Säitewiessel hunn d'Bayern gezwongenermoossen de Ball iwwerholl a probéiert, sech e Wee virun de géigneresche Gol ze spillen. Dat war awer géint eng kompakt Paräisser Defense alles anescht wéi einfach. Virun allem well een net riskéiere konnt, an ee weidere Géigekonter ze lafen. Zwar gouf et nach deen een oder anere Schoss vun de Bayern, ma e Gol sollt de Münchener awer réischt an der 94. Minutt geléngen. Eng Minutt drop huet den Arbitter de Match ofgepaff a stoung de Succès vum PSG fest.

Déi bescht Zeene vum Match Bayern géint PSG
Nom fréie Géigegol hat Bayern méi de Ball, géint eng kompakt Defense vum PSG war en Duerchkommen awer schwéier


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO