Inneminister annoncéiertOnroue bei der Champions League: 127 Persounen interpelléiert, 34 blesséiert

RTL mat AFP
No der Halleffinall vun der Champions League tëscht PSG a Bayern ass et zu Paräis zu sëllegen Onroue komm: 127 Persoune goufen interpelléiert a 34 blesséiert, eng dovunner schwéier.
Den Inneminister huet d'Onrouen am Zesummenhang vun der Champions League däitlech verurteelt.
© SIMON WOHLFAHRT/AFP

Am Kader vum Réckmatch tëscht PSG a Bayern München an der Halleffinall vun der Champions League ass et e Mëttwoch zu Paräis zu sëllegen Onrouen an Ausernanersetzunge komm. Wéi de franséischen Inneminister Laurent Nuñez en Donneschdeg matgedeelt huet, goufen am Ganzen 127 Persounen an dësem Kontext interpelléiert.

Weider huet de Minister erkläert, datt am Kader vum Match och 11 Persoune blesséiert goufen, eng dovu schwéier, dat duerch den Asaz vu Bengaloen. Ausserdeem goufen 23 Poliziste liicht blesséiert.

Den Inneminister huet d'Evenementer an deem Zesummenhang däitlech verurteelt.

Andréck vu Paräis
D'Supporter vum PSG feieren, nodeems se d'Halleffinall géint Bayern gewonnen hunn.

Back to Top
CIM LOGO