Reaktiounen no Bayern - PSGKompany: "Mir wäerten nach laang iwwer dës Decisiounen diskutéieren"

RTL Lëtzebuerg
De Luis Enrique an de Vincent Kompany hate Luef fir hir Géigner.
© FRANCK FIFE/AFP

E Mëttwoch den Owend konnt sech de PSG fir déi zweete Kéier hannertenee fir d'Finall vun der Champions League qualifizéieren. De Fransousen ass en 1-1 an der Allianz Arena zu München duergaangen. Den Allermatch zu Paräis hat d'Ekipp vum Luis Enrique mat 5-4 gewonnen. Nom Match hu béid Trainer eng éischt Analyse gemaach an hu mat groussem Respekt vum Niveau vu béiden Ekippe geschwat.

De Luis Enrique huet ënnerstrach, datt de séieren 1-0 fir de PSG d'Saach vereinfacht hätt, datt seng Ekipp awer extrem gutt huet misste verdeedegen, fir et Bayern München net ze erlaben, zréck an de Match ze kommen. Hien huet, wéi schonn am Allermatch, d'Qualitéit vun den Däitsche gelueft.

Dem Luis Enrique seng Reaktioun nom Match
PSG Trainer héich zefridde mat der Leeschtung vun senger Ekipp

De Vincent Kompany huet dem PSG felicitéiert a besonnesch hir Aart a Wéis, fir mat der ganzer Ekipp eng staark Defense ze spillen ervirgehuewen. Et wier schwéier gewiescht, fir déi verschidde Linnen ze iwwerspillen. Verschidden Decisioune vum Arbitter wiere fir hien awer net richteg gewiescht, an et wäert een nach laang verschidde Meenungen iwwer déi Entscheedungen hunn.

Dem Vincent Kompany seng Reaktioun nom Match
Bayern Trainer zweifelt un Decisioune vum Arbitter


Back to Top
CIM LOGO