En Dënschdeg nämlech sinn zu Omaha am US-Bundestaat Nebraska zwee Autoen an e klengt Äerdlach gefall, wärend deem si bei enger Rouder Luucht op der Pacific Street stoungen.
D’Poliziste goufen op d’Plaz geschéckt, nodeem si en Accident gemellt kruten. Videoen, déi d’Police vun Omaha publizéiert hunn, weisen genau dee Moment, wéi d’Strooss noginn huet an déi zwee Gefierer, déi ganz vir bei der rouder Luucht stoungen an d’Äerdlach gefall sinn. Weider ass ze gesinn, datt Zeien a Passanten, déi d’Situatioun matkritt hunn, de Persounen an den Autoe gehollef hunn, nach éier d’First Responder vun de Rettungsdéngschter op der Plaz waren.
Nieft der Hëllef fir d’Affer vun dësem Tëschefall hunn d’Passanten awer och den Trafic gereegelt, fir datt et op der Kräizung vun der 67. Strooss an der Pacific Street net och nach zu engem Verkéierchaos kënnt.