"Alevromoutzouromata"Traditionelle Mielkrich un der griichescher Küstestad Galaxidi

RTL mat Videomaterial vu Reuters
De Méindeg gouf sech eng 200 Kilometer vun Athen ewech nees mat Miel beworf.
An der griichescher Küstestad Galaxidi gëtt mam Mielkrich d'Enn vun der Fueszäit gefeiert.
An der griichescher Küstestad Galaxidi gëtt mam Mielkrich d’Enn vun der Fueszäit gefeiert.
© COSTAS BALTAS/Anadolu via AFP

Honnerte Leit waren nees dobäi, wéi de Mielkrich, Alevromoutzouromata op Griichesch genannt, ugaangen ass. An der Küstestad Galaxidi koumen den 23. Februar nees Tonne vu gefierftem Miel bei dëser Fuestraditioun an den Asaz.

Eng 200 Kilometer westlech vun Athen läit d’Küstestad. Mat dësem Evenement feiert een d’Enn vun der Fuessaison an an engems de Start vun der 40 Deeg laanger Faaschtenzäit virun dem griichesch orthodoxen Ouschteren.

Enn vun der Fueszäit gëtt mat "Mielkrich" gefeiert
Den 23. Februar gouf sech eng 200 Kilometer vun Athen ewech nees mat Miel beworf.

Jiddereen, dee beim Festival matmécht, huet e spezielle Brëll respektiv Schutzkleeder un, fir sech virum Miel, datt mat Liewensmëttelfaarf gefierft gouf, ze schützen.

Et ass eng Traditioun, déi et zanter Jore gëtt. Mir feieren, Leit kommen heihinner an hu Spaass”, seet den Nikos Strabouris, eng vun de ville Persounen, déi heirun deelgeholl hunn.

Et geet een dovunner aus, datt dës Traditioun op d'19 Joerhonnert zeréckgeet, wéi d’Griichen nach vun den Osmane regéiert gouf. Deemools war d’Fuesent verbueden, ma d’Awunner vun der Stad sollen dëst Verbuet ëmgaangen hunn, andeem se hir Gesiichter mat Äsche beschmiert hunn an esou duerch d’Stroosse gedanzt sinn.

Back to Top
CIM LOGO