3, 2, 1 Take OffSpektakulär Show-Experimenter

Olivier Catani
Am Science Theater erwächen einfach Alldagsgéigestänn zum Liewen. D’Kandidate musse Jury a Publikum mat enger spannender Wëssenschaftsshow begeeschteren.

De Ballon-Plaz-Expert Loris Ballonucci brauch net vill méi wéi eng kleng Orange, fir e risege Ballon un d’Platzen ze kréien. De Rares mécht Alkohol aus Toilette-Pabeier. D’Miss Fortuna seet mat der Hëllef vu Seefeblose Wiederphänomener viraus. De Pompjee Inferno weist eng grouss Wuess-Explosioun. Den Hausmeeschter Marc demonstréiert, dass een e Staubsauger och emol anescht notze kann. De Paul mécht aus Koumëllech e mega feste Pech. A beim Jedi Ella senger Propan-Gun muss een an Deckung goen.

Episod 8 – Show-Experimenter
Am Science Theater erwächen Alldagsgéigestänn zum Liewen.

Ze gewanne gëtt et net just eng Plaz am nächsten Episod, mee och de Jurypräis. Dat ass eng Wëssenschaftsrees.

Wien däerf sech freeën a wie kënnt den 10.000 Euro Präisgeld e Stéck méi no?

Take Off kënnt dëse Freideg schonn um 18:45 op RTL Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu. An nach emol sonndesmoies em 11.

3, 2, 1 Take Off - Spektakulär Show-Experimenter (Episod 8)
Am Science Theater erwächen einfach Alldagsgéigestänn zum Liewen. D’Kandidate musse Jury a Publikum mat enger spannender Wëssenschaftsshow begeeschteren.

Back to Top
CIM LOGO