A wie bass du dann?Melanie: "Ech hunn offiziell nëmmen all 4 Joer Gebuertsdag"
Pierre Weimerskirch
An eiser Serie "A wie bass du dann?" stelle mer iech reegelméisseg Leit vir, déi een net onbedéngt kënnt an déi awer speziell sinn.
Update: 01.03.2026 09:51
Fir déi éischt Episod ware mir um Samschdeg beim Melanie. Déi jonk Fra huet hiren 18. Gebuertsdag geféiert, eigentlech kann si nëmmen all 4 Joer den 29. Februar feieren.