Denkt een u Lëtzebuerger a Südamerika, da fält engem direkt Brasilien an – do wou och déi fréier Arbed hir Wierker hat a wou eng jett Lëtzebuerger Famille sech néiergelooss hunn. Ma net nëmmen do gouf et eng Well un Emigranten. Scho vill éischter am 19. Joerhonnert si Lëtzebuerger an Argentinien ausgewandert.
Bei engem Treffe vu südamerikanesche Famillen, déi vu Lëtzebuerger Ofstamung sinn, huet de Realisateur Daniel Atz, deen hallef Amerikaner an hallef Lëtzebuerger ass, erausfonnt, dass och vill Lëtzebuerger an Argentinien emigréiert sinn a Generatioune méi spéit elo nach ëmmer do liewen. Hien huet sech op d’Sich gemaach an aus enger Onmass u Videoen ass op eemol d’Iddi vun engem Documentaire komm.
Dovun ofgesinn hëlleft den Daniel Atz neie Generatiounen, déi Virfaren aus dem Grand-Duché hunn, déi duebel Nationalitéit ze kréien.
“Ech hunn iwwert d’Treffen héiere vu Lëtzebuerger a Südamerika. Ech war 2022 do an hunn dunn erausfonnt, dass et zousätzlech zu der Lëtzebuerger Communautéit a Brasilien, déi immens bekannt ass, och eng grouss an Argentinien gëtt. Ech hunn nach ni dovunner héieren, ma ech sot mir, et ass déi eenzeg Kéier wou ech a Südamerika sinn, komm mir gi weider a ginn op d’Sich no deene lëtzebuergesche Virfaren an Argentinien.”
D’Resultat dovunner gesitt dir dann e Sonndeg um 20 Auer op der Tëlee a vun dann un op RTL Play. Den Daniel Atz ass dann och de Sonndeg den Invité bei eis am Sonndesinterview op RTL.lu.