E Samschdeg den Owend hunn d’"Bëllia Bratzelgecken” op d’Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg invitéiert, wou den Organisateuren no ënnert anerem 50 Musekskapellen bei der ronn zwee Kilometer laanger Pressessioun laanscht d’Musel wäerten derbäi sinn. Et war insgesamt schonn déi 37. Kavalkad, déi zu Waasserbëlleg gefeiert gëtt.
Ganzer 1.500 Kilo Séissegkeeten 1.000 Liter Wäin an 2.000 Bratzele ware fir d’Festivitéite virgesinn, déi ëm 18.11 Auer um Bord vun der Musel lassgaange sinn. Nom Ëmzuch goun d’Feier dann am Festsall weider, wou et Karnevalsmusek op d’Oueren a Guddes aus enge sëllege Foodtrucks tëscht d’Zänn gouf.
Weider Informatiounen zum Event an de Parcours vum Ëmzuch fannt Dir um Site vun de Bratzelgecken.