Feu vert fir eng faarweg ZukunftD'"Manufacture de Longwy" wäert weiderhin Email produzéieren

Maurice Fick
35 Leit am Betrib vu Lonkech kënnen opootmen. Hir Aarbechtsplaze goufe vun engem erfollegräiche Crowdfunding gerett.
© RTL

No Méint vu Stress an enger Well vu Solidaritéit vun der Bevëlkerung kënne se endlech opootmen: D’Manufacture vu Lonkech ass gerett. Déi nei Zukunft vun der Entreprise stäipt sech op eng Kapitalerhéijung vu 450.000 Euro, méiglech wéinst enger aussergewéinlech Mobilisatioun an hirem Crowdfunding op “Ulule”, dee méi wéi eng Millioun Euro gesammelt huet an engem Kredit vun der Regioun Grand Est. Déi Sue sollen an d’Moderniséierung vun den Equipementer investéiert ginn. Et ass scho virgesinn, 4 bis 5 nei Handwierker anzestellen.

Géint 16 Auer dësen Donneschdeg hat den Tribunal de Commerce de Val-de-Briey säi Feu vert ginn, fir d’Produktioun weider z’erhalen. Zënter der Explosioun vun den Energiekäschten als Konsequenz vum russesche Krich an der Ukrain war d’Entreprise an engem Redressement judiciaire.

D’Mataarbechter vun der Entreprise, gegrënnt 1798, fabrizéiere manuell faarweg Keramiken mat Email, déi eenzegaarteg an hirem Genre sinn.

Iwwer d’Probleemer bei der Manufaktur hate mer den 20. Februar an engem Reportage am Journal bericht:

Zënter 2024 steet "Émaux de Longwy" ënner geriichtlechem  Sanéierungsprozess.
Um Donneschdeg sollt viru Geriicht eng Decisioun iwwer dësen Traditiounsbetrib falen. Des ass awer elo em eng Woch no hanne verluecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO