Aus dem Restaurant “La Farinella” ass op den 1.November 2025 de Restaurant “Fari et Nella” ginn. Am Dezember 2024 koum e Recommandé an d’Haus, deen de Besëtzer Vito Valentini aus de Schong geheit huet. “Après des transformations, nous avons reçu un recommandé d’une société italienne de Naples. Et il parait que cette société avait enregistré le nom ‘Farinella’ national et international”, sou de Vito Valentini.
Zanter Enn Februar 1989 schafft de Vito hei zu Lëtzebuerg an der Gastronomie. Am Januar 2008 huet den italieenesche Restaurant um Kierchbierg, net weit ewech vum Spidol, seng Dieren opgemaach. Wärend iwwer 17 Joer goufen et also keng Probleemer mam Numm “Farinella”. Kuerzfristeg huet de Patron missen op d’Klo reagéieren. “Mon avocat m’a recommandé justement de trouver une solution à l’amiable. C’est-à-dire de clôturer le site internet et de refaire un nouveau”, sou de Vito Valentini am RTL-Interview.
Zanter dem 21.November zejoert gëtt et elo den neien Internetsite. Den neien Numm vum Restaurant “Fari & Nella” gouf séier gebuer. Ausserdeem wollt de Proprietär vun der Pizzeria kee komplett neien Numm, fir d’Clienten net duercherneen ze bréngen. “Mon épouse s’appelle Nella”. Alors le problème était vite réglé”. “Fari” kennt vu “Farine”, also Miel. De fréieren Numm vum Restaurant “Farinella” ass eng Mask aus Italien.
Nach ronn véier Joer muss de Vito Valentini schaffen, bis hie wärend 40 Joer an d’Pensiounskeess abezuelt huet. Motivéiert a couragéiert kuckt hien an d’Zukunft.