
Wéi d’Police op Nofro vun RTL confirméiert, koum et um Dënschdeg de Mëtteg zum Versuch vun enger Aart Trickdéifstall an enger Bijouterie an der Uewerstad.
E Mann ass an d’Bijouterie komm a krut eng Kette gewisen. De Mann hätt dunn d’Ketten a senger Täsch verschwanne gedoen, wat eng aner Persoun iwwer d’Iwwerwaachungskamera gesinn hätt. D’Dier vun der Bijouterie wier dunn zougaangen an den Onéierleche wier vum Gerant ugeschwat ginn. Dësen hätt dunn och d’Ketten zeréckkritt.
De presuméierten Täter wier duerno geflücht an hätt nach gedreet, en hätt e Messer bei sech. Ouni Bijouen huet de Mann d’Geschäft verlooss. D’Police huet déi aktiv Sich mëttlerweil ofgebrach. D’Enquête leeft an et geet een den Ament vun engem Eenzeltäter aus.
Éischten Informatiounen no hat et ursprénglech geheescht, et wieren zwee Täter gewiescht, déi Saache geklaut an d’Mataarbechter vum Geschäft verbal menacéiert gehat hätten.