Alkohol um SteierZweemol koum et bal zu Kollisioune mat Policegefierer - 3 Fürerschäiner agezunn

Andy Brücker
Zu Gilsdref an an der Stad hunn d'Policebeamte musse flénk reagéieren, fir eng Frontalkollisioun ze verhënneren.
© Laurent Weber

Dräi Fürerschäiner agezunn

E Freideg géint 18.40 Auer krut d’Police en Automobilist op der Héicht vum Rond-point Fridhaff zu Dikrech gemellt, deen nawell zimmlech am ZickZack ënnerwee war. De Won konnt op Héicht vum Mierscherbierg vun enger Policepatrull gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin gouf nach op der Plaz agezunn.

Kuerz no Hallefnuecht huet eng Policepatrull um Boulevard Jean Ulveling an der Stad en anert Gefier mussen evitéieren, dat hinnen op der fascher Spuer entgéint komm ass. Eng Kollisioun konnt esou verhënnert ginn. Si konnten d’Gefier an der Montée de Clausen stoppen. De Chauffer huet zouginn Alkohol gedronk ze hunn, wat och duerch den Otemtest bestätegt gouf. De Fürerschäin gouf agezunn.

Zu Gilsdref huet géint 1.30 Auer eng aner Policepatrull och bal eng Kollisioun mat engem Auto gehat, deen eng Kéier geschnidden hat, dëst an der Rue du Pont. Och hei huet d’Police decidéiert de Chauffer ze kontrolléieren, wat net vu Muttwëll war. Den Alkoholpeegel beim Chauffer war ze héich an de Fürerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO