Tëscht Beyren a GouschtengZwee Blesséierter no Kollisioun tëscht Camion an Auto

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 9 Auer e Méindeg huet et um CR134 tëscht Beyren a Gouschteng tëscht engem Camion an engem Auto gerabbelt.

Um CR134 tëscht Beyren a Gouschteng gouf et géint 8.50 Auer e Méindeg de Moien eng Kollisioun tëscht engem Camion an engem Auto. Op der Plaz war de Samu-Noutdokter, fir eng éischt medezinesch Behandlung, éier zwou Persounen an d’Spidol koumen. Donieft waren d’Ambulanciere vu Réimech an aus der Stad am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Kanech a Fluessweiler.

D’Streck war fir d’Dauer vun den Opraumaarbechte gespaart.

Zwee Blesséierter no Kollisioun tëscht Camion an Auto
Kuerz virun 9 Auer e Méindeg huet et um CR134 tëscht Beyren a Gouschteng tëscht engem Camion an engem Auto gerabbelt.

Accident bei Wolz

Kuerz no 9 Auer war iwwerdeem op der RN12 tëscht Déierbech a Wolz en Auto an e Fiels gerannt. Déi blesséiert Persoun gouf vun de Rettungsekippe vu Wolz versuergt.

Back to Top
CIM LOGO