
An der Mëttesstonn war et zu Bieles an der Rue de France en Accident tëscht zwee Autoen, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.
Wéineg méi spéit waren d’Pompjeeë vu Miersch a vu Lëntgen op Prette gefuer wéinst enger gréisserer Dampentwécklung an der Rue de la Montagne.
Tëscht der Ellenger Gare a Réimech ass et géint 14.20 Auer zu engem weidere Stroossenaccident komm. Och bei dëser Kollisioun ass eng Persoun verwonnt ginn. D’Rettungsekippe vu Réimech waren do am Asaz.